Luxembourg Future... wat ?

D’Finanz- respektiv d'Wirtschaftskommissioun vun der Chamber kéinten deemnächst Erklärunge kréien iwwert de Luxembourg Future Fund. No den Nouvellen iwwert de Risikokapital-Fong huet d’CSV vun der Regierung Erklärunge gefrot. Et gëtt héich Zäit, datt d’Chamber sech fir den Dossier interesséiert, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar:

 

Stellt Iech vir, de Staat investéiert 120 Milliounen Euro an e Projet, an déi Wéinegst interesséiere sech dofir. Genee dat ass mam Luxembourg Future Fund de Fall. Virun dräi Joer annoncéiert an nach ëmmer net realiséiert, dat ass dës Regierungsinitiative, déi d’Zil huet mat Rendement a Fongen an a jonk Betriber z’investéieren, déi fir d’Lëtzebuerger Economie eng Plus-Value bréngen.

Nei an innovativ Betriber unzéien, dat ass en nobelt Zil dat a kenger economescher Sonndesried feelen dierf, mä wann et em dorëm geet et konkret ëmzesetzen, ass den Interessi séier fort. An der Chamber hu se mol nach net all mat kritt, datt de Luxembourg Future Fund eppes anescht ass wéi de Fonds Souverain, deen de Finanzminister Gramegna de leschten Hierscht annoncéiert huet.

De Future Fund geet schonn op d’Zäit vun de Ministere Krecké a Frieden zréck : 120 Milliounen Euro u Steiergelder soll déi staatlech SNCI zur Verfügung stellen, zesumme mat 30 Millioune vum Europäeschen Investitiounsfong. Dat si vill Suen: wann eng Zeremonie fir den neie Police-Chef soll 33.000 Euro kaschten, dann ass dat e Skandal, mä wat mat 120 Millioune vum Staat geschitt, schéngt d'Parlament an zum Deel och d’Medien net z’interesséieren.

Dat heescht awer net, datt kee sech dofir interesséiert. Et ginn der wuel, déi dovu profitéiere wëllen, datt de Staat souvill Suen an d’Privatwirtschaft fléisse léisst. Wéi sot de Steierberoder an Administrateur Norbert Becker virun dräi Joer hei op der Antenn e bësse provokativ : datt de Staat Suen investéiert, wier e gudden Ufank, mä am Beschte wier et, d’Privatwirtschaft géif d’Investissementer geréiere well de Staat dat net sou gutt kéint. Esou Aussoe weisen, datt et wichteg ass, datt mer transparent iwwer d’Critèren, d’Gouvernance an d’Ausriichtung vum Fong informéiert ginn.

Kann och an aner Lëtzebuerger Fongen investéiert ginn a wa jo, wien assuréiert, datt Privater mat staatleche Gelder net just zousätzleche Profit maachen ? Wéi kënnen Interessekonflikter evitéiert gi bei deenen, déi an de Verwaltungsrot an an den Investitiounscomité genannt ginn ? Wéi ass et generell mat der Kontroll vun den Investissementer ? Firwat huet den Europäeschen Investitiounsfong refuséiert, datt de Future Fund a Co-Gestioun mat Genii Capital direkt an aner Betriber investéiert ?

Dat alles si bei der Envergure vum Fong wichteg Froen, fir déi d’Chamber an d’Ëffentlechkeet sech interesséiere sollten. Geschitt dat net, da kéint dat aus der Perspektiv vum Steierzueler zu ganz ongesonden Derapagë féieren.

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen