#LuxLeaks: Éischt Reaktiounen

Lëtzebuerg hält sech bei der Besteierung vu multinationalen Entreprisen un déi international an national Reegelen. Dat sot de Premier Xavier Bettel de Moie während enger Pressekonferenz, déi kuerzfristeg aberuff gouf nodeems an den internationale Medien Dausenden Dokumenter publizéiert goufen, iwwert geheim Steieraccorde vu Lëtzebuerg mat Entreprisë wéi Amazon, Ikea, a Pepsi. 

Hien ass natierlech net begeeschtert iwwert d’Bild vu Lëtzebuerg dat elo am Ausland zirkuléiert, sou de Premier. De Finanzminister Pierre Gramegna huet betount, datt d’Regierung net averstan wier, datt vill multinational Entreprisë bal keng Steiere bezuelen. Lëtzebuerg géif d’Beméiunge vun der OECD an der EU ënnerstëtzen, fir aggressiv Steieroptiméierung ze bekämpfen.

Un der Praxis vun de Steieraccorde mat multinationalen Entreprisë wéilt d’Regierung festhalen. De Finanzminister bleift och bei der Positioun, datt een der EU-Kommissioun just eenzel Dokumenter fir punktuell Iwwerpréiwunge wéilt ginn, wéi se aktuell an den Dossieren Amazon a Fiat laafen.

D'Pressekonferenz vun der Regierung (et schwätzen de Premier Xavier Bettel an de Finanzminister Pierre Gramegna):

 

D’Dokumenter, déi an der Enquête vum internationale Journaliste Konsortium ëm de sougenannte LuxLeaks-Dossier benotzt goufen, sinn Dokumenter vun der Consulting-Firma Price Waterhouse Coopers. D’Dokumenter, déi iwwert een illegale Wee an d’Hänn vun de Journaliste gerode sinn, stamen aus de Joeren 2002 bis 2010. Virun zwee Joer hat PWC zu Lëtzebuerg eng Plainte agereecht.

Wat d’Praxis vum Ruling ugeet, géing déi sech op nationalen an internationale Regelen a Gesetzer baséieren. Et géing sech em fiskal Optiméierung handele fir international Konzerner. Déi Praxis existéiert net nëmmen am Grand-Duché mee och an aner EU-Memberlänner, esou PWC haut op enger Pressekonferenz, op där iwwregens d’Presse Image onerwënscht wor.

Ob de Grand-Duché eng aggressiv Steierpolitik féiert, äntwert den Didier Mouget, Generaldirekter vu PWC-Lëtzebuerg:

 

Price Waterhouse Coopers ass iwwerdeems Demandeur fir international Normen ze hunn, fir kennen ze definéiere wat eng reell fiskal Charge vun enger Gesellschaft ass. De Projet BEPS vun der OECD, dee géint de Steierdumping kämpft, soll kloer Regele schafen, esou de Wim Piot Fiskalberoder vu PWC Lëtzebuerg:

 

Den Drock op den neien EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wiisst. Déi éisterräichesch Gréng fuerdere säi Récktrëtt un der Spëtzt vun der europäescher Kommissioun. D'Glafwierdegkeet vum Jean-Claude Juncker als guddem Europäer ass elo a Fro gestallt, dat seet de Sven Giegold, de wirtschafts- a finanzpolitesche Spriecher vun der grénger Fraktioun am Europaparlament. E Récktrëtt vum Jean-Claude Juncker fuerderen déi Gréng am Europaparlament hirersäits awer net. De Jean-Claude Juncker hätt zwar en Interessekonflikt, mee dat wär fir jiddereen an Europa de Fall. Et wär elo d’Geleeënheet fir de Jean-Claude Juncker, als Kommissiounspresident aktiv géint Steierdumping an Europa virzegoen.

Den Interview vum Mick Entringer mam Sven Giegold:

 

Fir den Direkter vum Patronatsdaachverband UEL sinn d’Steier-Rulingen ee Kompetitivitéitsfacteur. Et gëtt eng fiskal Konkurrenz an Europa, dozou sti mer an esou soll et och bleiwen, quitt datt dat mat méi transparenten an oofgeglachene Reegele wäert musse geschéien, sot de Jean-Jacques Rommes virun der Press. d’Revelatiounen em Steierarrangementer vun iwwer 300 Konzerner bewäert den UEL-Direkter als e Reputatiounsproblem an ee politesche Problem. Aus der Siicht vum Management vun enger Entreprise wier et eng Pflicht ze kucken, fir d’Steierlaascht kleng ze halen. Steier-Rulingen sinn net typesch lëtzebuergesch, sou de Jean-Jacques Rommes.

D'Aussoe vum Jean-Jacques Rommes virun der Press, no der Presentatioun vum "Annuaire de la compétitivité 2014" vun der UEL:

 

Déi dänesch EU-Kommissärin Margarete Vestager wärt d’Enquêtë wéint méiglechen illegale Staatshëllefe fir multinational Entreprisë bis zum Schluss konsequent an onofhängeg duerchféieren. Dat huet de Spriecher vun der Kommissioun beim Pressebriefing ëmmer nees widderholl. De Risiko vun engem Interessekonflikt gesäit d’Bréisseler Exekutiv net. Dat obwuel de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker als fréiere Lëtzebuerger Premier eventuell selwer am Viséier vun der Enquête kéint sinn, well hien Informatiounen iwwert d'Hannergrënn vun den Accorden huet. Ob d’EU-Kommissioun wëlles huet déi Dausenden Dokumenter ze benotzen, déi vun der Press publizéiert goufen, wollt de Spriecher net präziséieren.

 

D’EU-Kommissioun ënnersicht aktuell d’Steieraccorde vu siiwen EU-Memberstate mat multinationalen Entreprisen: géint Lëtzebuerg goufe bis ewell an zwee konkrete Fäll formell Enquêtë lancéiert.

Alles wat zum Thema #LuxLeaks während dem Briefing vun der EU-Kommissioun gesot gouf, kënnt Dir hei nolauschteren:

 

Ëm wat geet et bei der Affär #Luxleaks? D'Mick Entringer mat engem Resumé vun den internationale Medieberichter:

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen