#LuxLeaks: Gréng Fraktioun am EP fuerdert Enquêtekommissioun

Déi gréng Fraktioun am Europaparlament fuerdert eng Enquêtekommissioun, déi di sougenannte “Steier-Rulingen” an de Memberstate soll ënner d’Lupp huelen. An der Suite vun de LuxLeaks-Revelatiounen iwwer Steieraccorde vu Lëtzebuerg mat multinationalen Entreprisen, wier et elo um Europaparlament fir generell z’iwwerpréiwen ob an der EU duerch des Praxis Abusen entstinn.

De gréngen Europadeputéierte Claude Turmes schléisst dann och net aus, datt ë.a. den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker als fréiere Lëtzebuerger Premier virun der Enquêtekommissioun misst aussoen. Eng Rei Politiker a Vertrieder vun de concernéierte Berodungsfirme missten eventuell gehéiert ginn, dat och well d’Europaparlament wéint dem Steiergeheimnis eventuell net un all déi relevant Dokumenter kënnt.

Fir esou eng Kommissioun anzeberuffen, ass ee Véirel vun de Stëmmen am Europaparlament néideg. Déi gréng Fraktioun zielt drop, datt ë.a. eng Rei liberal a sozial-demokratesch Europadeputéiert d’Motioun wäerten ënnerstëtzen.

Den Interview vum Pia Oppel mam Claude Turmes:

 

Déi gréng Fraktiounschefin Viviane Loschetter sot op Nofro hinn, datt hir Fraktioun d’Initiativ vum Europaparlament fir richteg hält. Um Niveau vun der Chamber wier an hiren Aen awer keng Enquêtekommissioun néideg, fir déi Lëtzebuerger Rulingen ënnert d’Lupp ze huelen.

Am Europaparlament kënnt et iwwerdeems elo zu engem Mësstrauensvote géint d'EU-Kommissioun. Eng entspriechend Motion de censure, vun der europaskeptescher Fraktioun "Europa vun der Fräiheet an der Demokratie" krut déi néideg 76 Stëmmen. D'Motioun gëtt ënnert anerem vun den Deputéierte vum Front National ënnerstëtzt. Domadder ass d'Konditioun erfëllt fir ee Vote am Europaparlament erbäi ze féieren. Fir d'Kommissioun ofzewielen ass eng Zwee-Drëttel-Majoritéit néideg.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen