#LuxLeaks: Keng Debatt an der Chamberplenière

Et kënnt bis op Weideres net zu enger Debatt an der Chamber-Plenière iwwert déi sougenannt "Steier-Rulingen". Wéi déi Lénk de Moien op enger Pressekonferenz matgedeelt hunn, gouf hir deementspriechend Demande vun de Fraktiounspresidenten ofgelehnt.

Op eis Nofro hin konnt den DP-Fraktiounschef Eugène Berger keng Erklärung ginn, firwat keng Debatt soll organiséiert ginn. Den LSAP-Chamberpresident Mars di Bartolomeo argumentéiert dem radio 100,7 géigeniwwer, et wier zum Thema "alles gesot".

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen