#LuxLeaks: Reaktioun vum Claude Wiseler

“LuxLeaks war eng concertéiert Aktioun géint d’lëtzebuerger Finanzplaz”, sot am 100,7 Interview de Claude Wiseler. Dem CSV-Fraktiounschef no, wär et och drëm gaange fir e politesche Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker a sengen Ufänk ze schwächen. Dem Claude Wiseler no hätt d’Chamber d’Envergure vum Ruling-System net kannt, wéinst dem Steiergeheimnis. U sech wär et kee schlechte System gewiescht, well e Betriber Planungssecherheet gëtt. D ’CSV ënnerstëtzt d’Regierung fir an der Transparenz méi wäit ze goen, an engem Kader wou déi selwecht Regele fir jidderee gëllen. Et bräicht een sech net ze schumme wat an de läschten 20 Joer op der Finanzplaz gemaach ginn ass; esou de Claude Wiseler, et géing drëm goe fir déi nächst Schrëtt positiv no baussen ze verkafen.

De ganzen Interview mam Claude Wiseler um Mikro vum Mick Entringer:

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen