#LuxLeaks: Reaktioun vum Steierexpert Norbert Becker

De Steierexpert an DP-Member Norbert Becker ass der Meenung, datt ähnlech Dokumenter wéi elo am Kader vun der Affär "LuxLeaks" grad sou gutt iwwert d’Steieraccorde vun anere Länner hätte kënne publizéiert ginn. Wichteg ass a sengen Aen och, datt Entreprisë d'Recht hunn op legalem Wee e Minimum u Steieren ze bezuelen. An enger globaliséierter Welt wieren d’Chancen kleng, datt een zum Prinzip iwwergeet, datt d’Profitter vun de Betriber do besteiert ginn, wou och effektiv d’Aktivitéite sinn. De Grënner vun der Steierberodungsfirma Atoz hält déi international Kritik u Lëtzebuerg fir Näid. A sengen Aen hätt Lëtzebuerg keng ze vill aggressiv Steieroptiméierung erméiglecht. Hien hätt nach keng Dossiere gesinn, wou déi effektiv Steiertauxe vu Konzerner op manner wéi ee Prozent gedréckt goufen, sou wéi dat elo an der internationaler Press duergestallt géif ginn. De Norbert Becker seet et wier suboptimal, dass bis viru Kuerzem just ee Beamte fir d’Decisiounen iwwert d’Besteierung vu multinationalen Entreprisen zoustänneg war. Dee Problem hätt d'Regierung awer scho geléist.

Zur Ausso vum Finanzminister Pierre Gramegna am Interview mat der franséischer Dageszeitung “Le Monde”, datt d’Steier-Rulingen zum Lëtzebuerger Patrimoine gehéieren, seet de Norbert Becker: “Dat ass eng Saach vu Semantik (...). Et gehéiert selbstverständlech zu deem wéi Lëtzebuerg funktionéiert, mee net nëmme Lëtzebuerg.” Zur Fro, ob hien d’Regierung den Ament an hirem Ëmgank mam Dossier Steier-Rulinge beréit, seet de Norbert Becker: “Neen, ech net”. De Grënner vun der Berodungsfirma Atoz war d’lescht Joer un de Koalitiounsverhandlungen bedeelegt.

De ganzen Interview vum Pia Oppel mam Norbert Becker:

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen