Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Boatly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lycéeë behalen en Deel vun hirer Autonomie"

Educatioun

"Lycéeë behalen en Deel vun hirer Autonomie"

D'Maskeflicht bei méi wéi véier Leit an engem Raum, esou wéi se am neie Covid-Gesetz verankert gëtt, wäert net fir d'Schoule gëllen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch. Ob am Klassesall eng Mask muss ugedoe ginn oder net, bleift deemno eng autonom Decisioun vun de Lycéeën.

auto_stories

2 min

D'Maskeflicht bei méi wéi véier Leit an engem Raum, esou wéi se am neie Covid-Gesetz verankert gëtt, wäert net fir d'Schoule gëllen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch. Ob am Klassesall eng Mask muss ugedoe ginn oder net, bleift deemno eng autonom Decisioun vun de Lycéeën. D'Direktioune kënnen och vu sech aus decidéieren, Deeler vu Klassen à distance ze ënnerriichten. D'Cellule tëschent der Santé an der Educatioun hätt och d'Kompetenz fir déi Decisiounen ze huelen, déi se fir néideg hält.

Educatiounsministère hëlleft beim Tracing

Zwielef Mataarbechter aus dem Educatiouns-Ministère wieren am Moment an d'Santé detachéiert, fir do beim Contact-Tracing ze hëllefen. Si géife sech, esou de Schoulminister Claude Meisch speziell ëm d'Infektiounen am Schoulmilieu bekëmmeren. De Stufemodell, dee bei der Rentrée ageféiert gouf, wier e gutt Instrument fir - en fonctioun vun deem wat si erausfannen - ze reagéieren, esou Claude Meisch.

"Do gëtt scho gekuckt: Si mer zimmlech sécher, ob et ausserhalb vun der Schoul war? Hu mer en Zweiwel? Da kënnt een an den zweete Zenario. Oder wësse mer wierklech, datt et eng Infektiounskette gëtt vun 3, 4, 5 zesummenhänkende Fäll an enger Schoul, da gi mer an den Zenario 3."

Den Zenario 3 wier bis elo awer net dacks opgetratt, dat heescht "datt de Kontakt tëschent Erwuessenen offensichtlech zu méi Infektiounen an der Schoul féiert, wéi de Kontakt tëschent de Schüler", esou den Educatiounsminister.

Lycéeë behalen en Deel Autonomie

Déi eenzel Lycéeë behale weider eng gewëssen Autonomie fir ze decidéieren, wéi eng sanitär Reegelen an hire Klasse solle gëllen. Dat neit Covid-Gesetz géif näischt dorun änneren. Datt een zum Beispill awer zu 15 oder zu 20 an engem Sall ka setzen a wärend dem Unterrecht d'Mask net muss unhunn. Dat bleift esou, do gëllt déi Véierer-Reegel net.

Den Educatiounsministère hätt awer Recommandatioune fir de Schoulsport ausgeschafft. "Mir wäerten och an de Kantinnen Adaptatioune maachen: wann am Restaurant elo gëllt, datt een nach just zu véier däerf um Dësch sëtzen, dann ass dat och an der Schoulkantin", esou de Claude Meisch.

De Claude Meisch seet, säi Ministère géif sech awer d'Recht virbehale fir zesumme mat der Santé méi streng Mesuren a Schoulen ze imposéieren, wou vill Infektioune festgestallt ginn.