Lycéesreform gëtt iwwerschafft

Den Educatiounsminister wëll de Projet de loi iwwert d‘Lycéesreform an der Form integral iwwerschaffen, woubäi déi generell Ausriichtung déi selwecht soll bleiwen; sot op Nofro hin de Claude Meisch. Dat soll am Dialog mat den Acteure vum Terrain geschéien. Ugangs d’nächst Joer wëll de Minister d’Gespréicher mat hinnen ophuelen. En Datum wéini e neie Projet de Loi iwwert d’Lycéesreform prett kéint sinn wollt de Claude Meisch net nennen. Am Laf vum nächste Joer wäerten awer punktuell Gesetzprojeten iwwert d’Lycéen deponéiert ginn fir den Zäitraum bis zu engem globale Gesetz ze iwwerbrécken.

Den Avis vum Staatsrot ënnerstëtzt déi prinzipiell Zilsetzung vum Projet de loi, mee formuléiert wéinst verfassungsrechtlechen Aspekter eng Partie “oppositions formelles”.

De Reportage vum Mick Entringer:

Net verpassen

  • 08.12. Klassik Live: L'enfance du Christ

    Berlioz.jpg

    De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an d'Gächinger Cantorey an der Philharmonie: De radio 100,7 iwwerdréit de Concert haut den Owend live vun 20:00 Auer un.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen