Radioen

On air

Notturno  |  Pinegrove - Intrepid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir Juristen ass den Internet keen Neiland

Digitalen Zäitalter

Fir Juristen ass den Internet keen Neiland

Fir de Staat ass et méi schwiereg den Internet esou ze reguléieren wéi aner Medien. Mee op Grondrechtsschutz soll een dowéinst net verzichten, seet de Professer fir Medierecht Mark Cole. An deem Sënn wier den Internet och net wierklech Neiland fir Juristen.

auto_stories

3 min

Technesch wier et zum Beispil kaum méiglech Donnéeën, wann se bis emol um Internet sinn nees ganz ze läschen. Trotzdem wier et richteg, dass d’EU-Kommissioun proposéiert fir den "droit à l’oubli" an dat neit Dateschutzreglement anzeschreiwen. D’Geriichter – a besonnesch den Europäesche Geriichtshaff – géifen hirersäits eng wichteg Roll dobäi spillen, fir d’Rechtslag beim Grondrechtsschutz weider ze entwéckelen.

Den Europäesche Geriichtshaff beschäftegt sech den Ament mat der Fro, ob dee sougenannte "Safe Harbor"-Accord tëscht der EU an den USA effektiv garantéiert, dass Donnéeë vun europäeschen Internetnotzer och no engem Transfer an d’USA déi selwecht Protectioun genéissen, wéi an der EU. Bei der Unhéierung des Woch um Geriicht hei um Kierchbierg sot den Affekot vun der EU-Kommissioun, wann een seng Donnéeë wierklech wéilt géint Iwwerwaachung schützen, dierft ee vu fir era kee Facebook-Account hunn. Dozou sot de Mark Cole: "Das klingt in der Tat zynesch. Aber was er vielleicht richtigerweise sagen wollte ist, einen vollkommenen Schutz gibt es in der Tat nicht."

Eng europäesch Lizenz fir digital Inhalter wéi Online-Videoen, wéi d'Europadeputéiert vun de Piraten Julia Reda se proposéiert, hält de Mark Cole fir sënnvoll. Bis ewell wier et awer schwéier gewiescht d’Droits d’auteure fir den europäesche Bannemaart eenheetlech ze reegelen. D’Ausso vum EU-Kommissär Andrus Ansip, hie géif dat sougenannt "Geoblocking" vun déifstem Häerz haassen, huet de Mark Cole bedauert. Et dierft een d'Debatt net emotionaliséieren.​