Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Infrastrukturen fir d'Maisons médicalen

Changementer

Nei Infrastrukturen fir d'Maisons médicalen

Dem Xavier Poos, Direkter adjoint vun der Santé no hätt een direkt am Ufank vun der Pandemie festgestallt, datt nei Infrastrukture misste geschaaf ginn. D'lescht Woch gouf annoncéiert, datt d'Maisons médicalen an der Stad an déi zu Esch spéitstens Ufank September an nei Gebaier plënneren. Domat ass de Prozess awer nach net ofgeschloss.

auto_stories

2 min

Och an den Norden kënnt mëttelfristeg eng nei Maison médicale, also een neit Gebai fir dat aktuellt zu Ettelbréck ze ersetzen. Et wier een a Kontakt mat der Ettelbrécker Gemeng, esou de Xavier Poos, mee et géif och weider no engem méiglechen Emplacementer gesicht ginn.

D'Strukture sinn un hire Grenzen

Zanter 2008 ginn et déi dräi Maison médicalen am Land. D'Zil: d'Spidolsurgencen owes, nuets an de Weekend ze entlaaschten.

Mee an der Pandemie wieren d'Strukturen an Eefamilljenhaiser un hir Grenze komm. Et wier net méiglech gewiescht, infektiéis Filière vun enger net-infektiéiser Filière ze trennen. Och u Stockage-Méiglechkeeten hätt et gefällt, sou den Xavier Poos.

Donieft ass scho méi laang kloer: wat d'Technik an d'Accessibilitéit ugeet sinn d'Haiser net gutt. Déi nei Maisons médicalen, déi spéitstens am September an der Stad an zu Esch opginn, si méi modern a méi grouss mat 1.000 respektiv 700 Meter Carré.

"Plaz ass genuch do, an do kann och e gréissere Passage an der Nuecht an och de Weekend duerchkommen."

Offer kéint ausgebaut ginn

Aktuell sinn och Gespréicher mat der Doktesch-Associatioun AMMD am Gaang iwwer eng komplementar Offer, déi an Zukunft vun de Maisons médicalen kéint ugebuede ginn:

"Dat kann eng Urgence dentaire sinn, et kann eng aner Offer sinn, dat hu mir nach net definéiert, dat muss een elo diskutéieren, wat mécht Sënn a wat mécht manner Sënn."

Ob dann elo och am Osten eng Maison médicale wäert kommen, dozou wollt de Xavier Poos näischt soen. Dat soll deemnächst an der Äntwert op eng Question parlementaire vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen ze liese sinn.