Cluster for Logistics Entwécklungspotenzial vun der Logistik-Branche

Am Logistik-Secteur schaffen iwwer 13.000 Leit zu Lëtzebuerg. Mam neien Zuch-Terminal zu Beetebuerg an duerch eng besser Verzahnung vun de verschiddenen Transportmëttel huet d'Branche Entwécklungspotenzial.

Mick Entringer / ys

Malik Zeniti.JPG

Dëst Joer gëtt mam neien Zuch-Terminal zu Beetebuerg eng wichteg Infrastruktur fir de Logistikberäich fäerdeg, esou de Malik Zeniti. De Manager vun der asbl  "Cluster for Logistics" gesäit groussen Entwécklungspotential fir de Secteur an deem 13-14.000 Leit schaffen an deen zu Lëtzebuerg 700 Entreprisë regroupéiert. Et misst een d’Entwécklungen ofwaarden, wat den Impakt vun de méi bëllege Spritpräisser an den Autobunnstaxen am noen Ausland mat sech bréngt. Dem Malik Zeniti no huet d’Regierung eng deementspriechend Etude an Optrag ginn.

Ausbau vum Multimodal

En Avantage wär, datt déi verschidden Transportbranchen (Strooss, Fliger a Zuch) deels scho matenee verzahnt wären. An Zukunft wäert sech dës Zesummenaarbecht mam Ausbau vum "Multimodal" zu Lëtzebuerg nach weider entwéckelen, seet de Logistikexpert. "Déi Leit musse léiere mateneen zesummen ze schaffen". Et géing wéineg Logistikplaze ginn, déi Strooss, Fliger an Zuch matenee verbannen, dat wär eng Chance fir de Secteur zu Lëtzebuerg.

Freeport ass Vertrauenssaach

Den Handicap vum Freeport fir e Mehrwäert fir d’Logistikbranch ze sinn, ass, datt een et an deem Beräich mat enger Vertrauenssaach ze dinn huet, esou de Malik Zeniti. Dat géing sech net vun haut op muer opbauen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Mick Entringer
Lauschteren

Méi zum Thema

Fra rifft Taxi
Taxisreform

Taxie solle méi economesch, efficace an ecologesch ginn. Dofir gëtt d'Gesetz reforméiert. Den 20. Abrëll ass de Vote an der Chamber. Awer net all d'Punkte vum Projet de Loi stellen d'Bedreiwer zefridden.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen