Radioen

On air

Kultur um 5  |  The Tangerine Trees - Peace Of Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mangel u Personal an de Grondschoulen

Enseignement

Mangel u Personal an de Grondschoulen

D'lescht Joer waren 291 Plazen am Fondamental ausgeschriwwe ginn - et goufen der awer nëmmen 167 besat. Wat sinn d'Ursaache fir de Mangel u Personal an de Grondschoulen?

auto_stories

6 min

"De Beruff vum Enseignant muss erëm méi attraktiv ginn," soen Enseignantsgewerkschaften

Et wier dëst Joer extrem vill zesumme komm, seet de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE/CGFP, de Patrick Remakel, iwwer d'Ursaache vum Mangel un Enseignanten an de Grondschoulen. Eng Problematik, déi dem Gewerkschaftler no op verschidde Facteuren zréckzeféiere wier.

Éischter op d'Chargéen aus der Reserve zréckgegraff

De 27. Juli dëst Joer hätten am Ganzen 90 Positiounen opgestanen, déi duerch Ganz-oder Deelzäit-Postë besat ginn, heescht et aus dem Educatiounsministère. Déi regional Direktiounen hätte sech dorëms gekëmmert, fir déi Plaze bis dës Rentrée 2017/2018 ze besetzen. Dofir hätt ee missten éischter wéi déi Jore virdrun op d'Chargéen aus der Reserve vun den Ersatz-Enseignanten zréckgräifen, seet de Lex Folscheid vum Educatiounsministère.

"Déi Leit hunn eis als regulären Ersatz oder bei de Congée méi spéit am Joer gefeelt. Et ass kee Chaos entstanen, mä mir hu vill méi fréi en Drock op déi Struktur kritt, déi normalerweis eréischt méi spéit sollicitéiert gëtt."

260 Leit déi wéilten ersetze goen, wieren den Ament ënnerwee. Si hätten entweder d'Autorisatioun fir de Stage ze maachen, respektiv scho fir ersetzen ze goen, esou de Lex Folscheid.

Pensionéiert Enseignanten an Educateuren ugeschriwwen

Fir dem Mangel u Personal entgéint ze wierke sinn awer och pensionéiert Enseignanten an Educateure vun de Maisons Relais ugeschriwwe ginn. Wéi vill Leit genee, wier den Ament net gewosst, heescht et aus dem Educatiounsministère.

Fir d'Rentrée wieren d'Posten a bal all de Regioune besat gewiescht, seet de Lex Folscheid. Just net an enger Regioun am Norden: Nach an den dräi Wochen no der Rentrée hätt ee Schwieregkeete gehat, fir do all d'Posten z'assuréieren. Fir deem entgéint ze wierken, wier de Stage fir ersetzen ze goen ëmstrukturéiert ginn: Amplaz vu véier Wochen hätten d'Leit eng Formatioun vu fënnef Deeg kënne maachen.

"Et si fënnef Deeg plus en enken Encadrement duerch d'Direktioun."

Esou kéint een déi nämmlecht Qualitéit an d'Ambitioun assuréieren, wéi iwwer déi véier Woche Stage, esou de Lex Folscheid.

"Leit aus de regionalen Direktioune feelen um Terrain"

Déi regional Direkteren ersetzen dat fréiert Inspektorat a sinn dëst Joer a Kraaft getrueden. De Mangel un Enseignante wier och doduerch z'erklären, datt fir dës Direktiounen diploméiert Personal vum Terrain ofgezu gi wier, seet de Patrick Arendt. De President vum Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft beim OGBL seet, déi Leit géifen administrativ Aarbechte maachen.

"Dat sinn ausgebilten Enseignanten, déi eis um Terrain feelen."

De Lien tëscht dem Akraafttriede vun de regionalen Direktiounen an dem Mangel u Personal wier falsch, äntwert dorop de Lex Folscheid aus dem Educatiounsministère.

"Mir hunn en Equivalent vu ronn 15 Enseignanten, déi an der Vergaangenheet Schoul gehalen hunn an déi regional Direktioune ginn. Mir haten virdrun och scho vill Leit an den Direktiounen, wéi mir nach den Inspekter haten. "

Manner Studenten hunn de Concours gemaach

Eng weider Explikatioun dofir, datt eng Partie Studenten eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt géifen zréck op Lëtzebuerg komme fir z'enseignéieren, wieren Ännerunge vum Uni-System an der Belsch, seet de Lex Folscheid.

A sengen Ae wier awer den Abroch vun der Studentenzuel, déi de Recrutements-Concours maachen, d'Haaptursaach fir de Mangel u Personal. 91 Leit hätten d'lescht Joer de Concours gemaach.

Dat wieren der substantiell manner, wéi déi Jore virdrun. Wéi vill manner konnt de Lex Folscheid allerdéngs net soen. Mä och fir dësen Abroch géif et net just eng Explikatioun ginn.

E Masterstudium nom Bachelor

Vill Enseignants-Studente géifen nom Bachelor nach e Masterstudium maachen. Mat engem Masterstudiegang hätten d'Studente weider Perspektiven, wéi zum Beispill am Beräich vun der Schoulentwécklung oder am Beräich vun der Inklusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen.

"Et schéngt esou ze sinn, datt vill Studenten, déi de Bachelor maachen et interessant fannen, nom Bachelor nach e Master hannendrun ze maachen," esou de Lex Folscheid.

Dëst Joer si 70 spezialiséiert Enseignante fir d'Betreiung vu Kanner mat spezifesche Besoine rekrutéiert ginn. An zwee Joer sollen der am Ganzen 150 agestallt ginn.

"De Stage schreckt vill Leit of"

E weidert Element an der Equatioun ass dann och den neie Stage vun dräi Joer fir d'Enseignanten an der Grondschoul, deen duerch d'Reform vun der Fonction publique a Kraaft getrueden ass. Doriwwer si sech de Lex Folscheid an d'Vertrieder vun den Enseignantsgewerkschaften eens. De Patrick Remakel kritiséiert awer, datt déi dräi Joer Stage vum Ministère net gutt ugepaakt gi wieren.

"Dat war ze vill, dat huet vill Leit ofgeschreckt."

De Beruff vum Enseignant hätt duerch de Stage un Attraktivitéit verluer, seet sengersäits de Patrick Arendt.

"Dat heescht, datt déi Jonk eigentlech decouragéiert gi sinn, fir Schoul ze halen. Et sinn der ganz vill, déi hir Studien op der Uni opgehalen hunn an et sinn der ganz vill vun deenen, déi fäerdeg gi sinn no deene véier Joer, déi direkt weider gaange sinn op e Master."

Mä och bei de spezialiséierten Enseignanten, déi zum Beispill e Master an der Sonderpädagogik gemaach hunn, géif ee beim Rekrutement u Limitte stoussen. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch virun der Rentrée am 100,7-Interview. Et géifen net esou vill Enseignante wéi virgesi ginn, déi de Critèren entsprach hätten.

Rekrutementsproblemer an der ganzer Fonction publique

Ënnert dem Stréch ginn et dem Lex Folscheid no an der ganzer Fonction publique Problemer beim Rekrutement.

"Et huet net onbedéngt eppes elo mat den Ressourcen ze dinn, déi mir iwwer d'Reformen ofgezunn hätten."

Fir dem Mangel u Personal entgéint ze wierke misst ee kuerzfristeg, mä och laangfristeg Léisunge fannen, mengt den SNE-President Patrick Remakel. Fir kuerzfristeg a punktuell Remplacementer vun zwee Deeg kéint een op de Wee vu "Surveillanten" goen. Mëttelfristeg misst een d'Enseignanten, déi op administrative Plazen aktiv sinn, erëm op den Terrain schécken.

Grondschoul-Enseignanten mat engem Masterdiplom astellen?

"Wann een nämlech keng Leit huet, fir um Terrain ze schaffen, muss de Minister sech d'Fro stellen, ob ee sech dann nach kann erlaben, déi Schoulmeeschteren ewech ze zéien, déi net mat de Kanner schaffen."

Laangfristeg plädéiert den SNE dofir, Enseignante grondsätzlech mat engem Masterdiplom anzestellen.

"Einfach fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen."

Et wier irresponsabel diploméiert Enseignanten op administrativ Posten ze setzen, wann et an de Schoulen u Personal géif feelen, seet de Patrick Arendt vum SEW. Mä och hien ass der Meenung, datt grondsätzlech de Beruff vum Enseignant erëm méi attraktiv misst ginn.

Beruff vum Enseignant erëm méi attraktiv maachen

"Do ass, mengen ech, de Stage den Haaptfacteur. (...) Deen ass net sënnvoll. No véier Joer sinn déi nei Kolleginnen a Kollege voll ausgebilt. Déi kënne vum éischten Dag un zu 100 Prozent Schoul halen."

Et kéint een e Stage maachen, bei deem déi nei Enseignanten encadréiert ginn a gehollef kréien.

"Mä mir brauchen do sécher kee Stage méi mat Formatiounen an d'Méiglechkeet, fir andauernd duerchzefalen."

Externen Audit soll Äntwerte bréngen

Den Educatiounsministère huet een externen Audit an Optrag ginn, fir d'Ursaache vum Mangel u Personal erauszefannen. Dëse soll d'Zesummespill vun den neie regionalen Direktiounen an dem Educatiounsministère um Niveau vun de Prozeduren ënnert d'Lupp huelen.

Och d'Organisatioun vun der "réserve des suppléants" an den Abroch vun der Unzuel u Studenten, déi sech dem Concours d'lescht Joer gestallt hunn, soll analyséiert ginn. Wien den Audit mécht a wéini d'Prozedur ofgeschloss wäert sinn, ass den Ament awer nach net gewosst.