Et sollt eigentlech eng Marche silencieuse sinn, mee wéi de Cortège bis um Krautmaart ukomm war, Käerzen do deposéiert goufen an den Dokter Benoît Ochs, deen den Ament vum Collège médical suspendéiert ass, vill applaudéiert krut, war Aplaz Stëll "Touchez pas aux enfants", "Liberté, Résistance" a "Et geet elo duer" ze héieren.
D'Motivatioune vu de Léit, déi matgaange sinn, ware ganz ënnerschiddlech:
"Mir fillen eis einfach diskriminéiert, déi Leit déi sech net impfe loossen. An op der Aarbecht an iwwerall. Mir wëlle Fräiheet. Och fir eis Kanner si mir hei, dass si sech och net impfen."
"Certains dans une banque, on leur a dit: A partir de maintenant il faudra venir vacciné. Donc ça, ça me gène, voilà - cette injonction de l'injection."
Déi individuell ma och déi kollektiv Fräiheet wier aktuell a Gefor:
"Jidderee soll fräi entscheede kënne fir seng Gesondheet: Ech gesinn net an firwat mär eis sollen impfen wa mir dogéint sinn an am Moment ass d'Regierung am Gaangen e klengen Impfzwang hannert d'Hannerdier eranzebréngen."
"Wann d'Leit schaffe ginn, dass do ëmmer de Covid Check besteet, dat heescht fir déi, déi net geimpft ginn, dass se mussen Tester maachen an och an de Restauranten. Ech mengen déi net geimpfte Leit déi komme geschwënn néierens méi eran. Dat ass schonn d'Fräiheet bedrot."
Et gouf och deelweis eng net detailléiert Suerg ëm d'Kanner opgefouert:
"Bei de Kanner muss ech soen, maachen ech mir scho Gedanken. Kleng Kanner impfe - ënner 13 - dat ass schonn e gewëssene Risiko. An déi Kanner kënnen sech jo net esou ausdrécken. A si musse beschützt ginn."
"An der Schoul, d'Proffen, déi zwénge jo och d'Kanner, déi zielen deenen egal wat do fir dass si sech impfe. Déi maachen deenen Angscht. Dat ass net seriö dat Ganzt. An dat ganzt geet jo an eng Tyrannei, an den Totalitarismus."
Och Kritik u Medien
Fir esou Munche vun de Participante vun der "Marche Blanche" wieren d'Medien en Deel vum Problem:
"Si hannerfroe guer näischt an dat ass einfach de Problem. Dat mécht eis krank, dat mécht eis ganz Gesellschaft krank. An d'Gesellschaft, déi spalt sech ëmmer méi. Dat däerf net sinn. Dat däerf net an eisem haitegen Zäitalter sinn."
Masken huet een am Defilé an dem all Alterskategorie vertruede waren, esou gutt ewéi keng gesinn, dofir awer vill zefridde Gesiichter a wäiss Ballonen.
Verschiddener hunn dann och gemengt, datt et hei eigentlech net ëm Gesondheet géing goen, mee em ganz aner Saachen:
"Meiner Ansicht nach geht es hier vor allem darum, dass jeder seine digitale Identität bekommt und kontrolléiert werden kann, wo immer er hingehen wird, was immer er machen wird und letztlich auch wie seine Gesundheit aussieht."
Ënnerschiddlech Motivatioune fir d'Participatioun
D'Unzuel u Manifestanten géint d'Coronamesuren huet an de leschte Wochen also zougeholl.
Wien d'Organiateuren vun der "Marche Blanche" sinn, ass net offiziell.
D'Motivatioune vun de Manifestante sinn deels verschidden.