D'ANIL-Presidentin ënnersträicht, datt d'Problemer géife weider wuessen, och well vill Leit scho virum Pensiounsalter aus dem Infirmiersberuff erausklammen. Fir d'Karriärsméiglechkeeten ze verbesseren, fuerdert d'Anne-Marie Hanff, datt an Zukunft och zu Lëtzebuerg e Bachelor-Diplom fir Infirmieren ugebuede gëtt.
Am Moment wier et fir Jonker nach een immens laange Wee. "A wann een dat eréischt vun enger ofgeschlossener Première u kéint maachen, da wieren d'Schüler scho méi räif a si kéinte sech méi bewosst fir de Beruff entscheeden", sou d'Anne-Marie Hanff. Si kéint sech Leit am Beruff virstellen, déi e Master hunn, "fir d'Potential vun eisem Beruff auszeschöpfen".
Keng prezis Statistiken
Och zu Lëtzebuerg ginn et Suergen, datt eng Penurie vun Infirmièren an Infirmieren entstoe kéint - dat virun allem, well et net genuch Nowuess gëtt. Et wier hei am Land awer nach net esou, datt a Spideeler wéinst net genuch Personal Stäck mussen zougemaach ginn, sou Anne-Marie Hanff. Et géif awer och hei am Land scho Situatioune ginn, wou Enkpäss entstinn. Si kéint awer net soen, wéi dacks dat virkënnt, well et keng prezis Statistike géif ginn.
D'ANIL-Presidentin ënnersträicht awer, d'Problemer géife weider wuessen, och well vill Leit scho virum Pensiounsalter aus dem Infirmiersberuff erausklammen. Engersäits misst ee Schichte schaffen, anerersäits géif et awer och Patrone ginn, déi Mi-temps net géifen erlaben. "A wann ee méi al gëtt, da verdréit een dat einfach manner gutt. Et ass eng kierperlech schwéier Aarbecht, an och eng emotional schwéier Aarbecht."
"Wann een de Leit um Terrain nolauschtert, da soen si si hätten ze vill Aarbecht a géifen de ganzen Zäite lafen. An engem rezente Rapport fir de Gesondheetsministère heescht et dogéint, mir hätte nach keng Penurie, well et misste nach keng Stäck zougemaach ginn. Mee dat ass en haarde Krittär, fannen ech."