"Ech hätt gären eng Kommissioun mat 50 Prozent Fraen a 50 Prozent Männer. Dowéinst froen ech d'Staats- a Regierungscheffe vun de Memberlänner all kéiers zwou Persounen, eng Fra an ee Mann, ze nominéieren". Dat hat d'Ursula von der Leyen, déi zukünfteg EU-Kommissiounscheffin am Juli am Europaparlament gesot.
De Virsaz, zwee Kandidate pro Land ze froen, huet si dono net ëmgesat. Fakt ass, datt 12 Länner um Enn eng Fra nominéiert hunn. Zesumme mat der Presidentin wier déi nei Kommissioun also op 13 Frae komm.
Nei Kommissioun: Bis elo 12 Fraen, 15 Männer
Fakt ass och, datt dono dräi vun deene Kandidate vum Europaparlament no den Auditioune refuséiert goufen. Dorënner waren zwou Fraen, nei nominéiert gouf iwwerdeems just eng Fra. Bleiwen also just 12 Frae par Rapport zu 15 Männer fir déi nei Equipe von der Leyen.
Dobäi kënnt, datt dës Woch och Groussbritannie gefrot gouf, ee Kommissär ze nennen. Dat kéint natierlech och ee Mann sinn, well et ass net ausgeschloss, datt den aktuelle briteschen EU-Kommissär gefrot gëtt, säi Mandat ze verlängeren.
D'Fro stellt sech, firwat d'Ursula von der Leyen net drop gepocht huet, datt Frankräich eng Fra nominéiert. Oder firwat de franséische President selwer net dorop gehalen huet.
Datt den Emmanuel Macron, dee soss esou op d'Paritéit pocht, dat net gemaach huet, ass schappeg. Schappeg ass och, datt Lëtzebuerg enger neier Etüd no, wat de Fraenundeel an der Politik ugeet, wäit ënner där schlechter europäescher Moyenne läit, mengt d'Danièle Weber an eisem EU-politesche Wocheréckbléck, an Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Dir kënnt en hei ganz lauschteren: