Radioen

On air

Notturno  |  The Jam - English Rose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Fräiheet, méi Sécherheet?

Terrorismus

Manner Fräiheet, méi Sécherheet?

D'Police Judiciaire soll am Beräich vun der Terrorismusbekämpfung méi Moyene fir d'Strofverfolgung kréien. An engem kriteschen Avis fuerdert de Staatsrot, datt de Gesetzprojet präziséiert gëtt, notamment wat den Asaz vun engem sougenannte Staatstrojaner ugeet. Da misst och d'SREL-Gesetz, dat den Asaz vu Software fir d'Duerchsiche vu Computere virgesäit, nogebessert ginn, seet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry.

auto_stories

7 min

Alex Bodry

De grénge Justizminister Félix Braz wëll fir den Ament keen Interview zum Thema ginn. Am Ministère géif elo un Amendementer geschafft ginn an da géif ee kommunizéieren, heescht et op Nofro hin. Dobäi hat d'Regierung hire Projet schonn eng Kéier amendéiert, nodeems d'Dateschutzkommissioun ee kriteschen Avis geschriwwen hat. De Gesetzprojet ass am Dezember 2015 vum Félix Braz deposéiert ginn, als Reaktioun op d'Paräisser Terrorattentater de Mount virdrun. Datt den Avis vum Staatsrot dunn net grad sou séier koum, wier am Fong gutt, seet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry.

"Dofir sinn ech net onglécklech, datt dat doten elo net am Hauruckverfahren diskutéiert gëtt, well da wier wahrscheinlech de Pendel ganz staark an déi Sécherheetsschinn ausgeschloen." Mat der Distanz kéint een dat besser jugéieren, wéi an engem Moment vu politeschem a gesellschaftlechem Drock. Dofir sollt ee sech elo och an der Chamber Zäit huelen, sou den Alex Bodry.

Agrëffer an d'Grondrechter vun de Bierger

Fënnef formell Oppositioune formuléiert de Staatsrot a sengem Avis. Dës betreffen déi nei Méiglechkeeten, déi d'Police Judiciaire fir hir Enquêten am Beräich vun der Terrorbekämpfung soll kréien: D'Installatioun vu Mikroen a Privatwunnengen, den Asaz vu Software fir d'Iwwerwaache vun digitale Geräter, an d'Enquête ënner Pseudonym um Internet. Dës staark Agrëffer an d'Grondrechter vun de Bierger wieren net kloer genuch encadréiert, sou wéi d'europäesch Mënscherechtskonventioun dat exigéiert:

La simple lecture des mesures ainsi proposées fait apparaître que lesdites mesures que les auteurs considèrent comme n'étant 'pas dramatiques', sont au contraire des dispositions qui affectent certains droits fondamentaux des citoyens. (...) Mais le Conseil d'État constate aussi, non sans une certaine inquiétude, que les demières interventions législatives tant au Grand-Duché de Luxembourg que dans pratiquement tous les États souscrivant à nos valeurs fondamentales communes, semblent faire primer les nécessités de la sécurité de l'État sur celles de la protection des droits fondamentaux. En l'état actuel, le texte proposé ne satisfait pas aux exigences imposées par la Cour européenne des droits de l'homme au regard de l'article 8 de la Convention de sauvegarde des droits de l'homme et des libertés fondamentales.

De President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun Gilbert Pregno deelt déi Analys. Eng Rei vun de Prinzipie géifen net respektéiert ginn, seet hien. "Dee vun der Proportionalitéit, der Noutwennegkeet an och der Legalitéit. Hei ass kloer en Text geschriwwe ginn, fir ze weisen: Mir handelen." Och wann dee Message bei de Bierger géif ukommen, géif de Projet "d'Strooss net halen."

Den Text misst op ville Punkten nogebessert ginn, mengt och den CSV-Deputéierte Gilles Roth. Notamment misst d'Méiglechkeet vun engem effektive Recours garantéiert sinn. A wa Regelen net respektéiert goufen, misst kloer sinn, datt d'Resultater vun der Enquête net viru Geriicht kënne benotzt ginn. An deem Sënn géif den Avis eng grouss Plus-value bréngen. "All Moossnam, déi een Agrëff an d'perséinlech Fräiheete vun engem Mënsch ass, muss ëmmer kënne vun enger onofhängeger juristescher Autoritéit iwwerpréift ginn. Och wann dat um Niveau vun der Terrorismusbekämpfung ass."

Inkohärenz bei Avise vum Staatsrot?

De Staatsrot mécht och drop opmierksam, datt Donnéeën, déi beim Duerchsiche vu Computere fonnt ginn, einfach kënne manipuléiert ginn a viru Geriicht eventuell keng valabel Preuve liwweren. Wann d'Police Judiciaire trotzdem sollt ee sougenannte Staatstrojaner dierfen asetzen, da misst de legale Kader präziséiert ginn. Mat der Geheimdéngschtreform vun zejoert, déi dem SREL den Asaz vun Iwwerwaachungssoftware erlaabt, hat de Staatsrot näischt esou gefuerdert. Feelt et dem Staatsrot hei u Kohärenz?

"Dat ass ee Problem, deen een och bei der Chamber heiansdo fënnt", seet den Alex Bodry. "Verschidde Kommissioune schaffen op Projeten, an doduerch kommen aner Sensibilitéiten. Dat bréngt mat sech, datt Texter net ëmmer am selwechten Detail gekuckt ginn. Dat ass sécher an deem heite präzise Fall net de Fall gewiescht."

Datt de Staatsrot d'Thema vum Staatstrojaner bei der SREL-Reform guer net kommentéiert hätt wier effektiv erstaunlech, seet de Gilles Roth. Hien hätt op d'Problematik zejoert bei der Debatt iwwer dat neit Geheimdéngschtgesetz higewisen, um Text wier awer näischt méi geännert ginn. Wann opgrond vun de Leitlinnen, déi de Staatsrot virgezeechent hätt, eng Nobesserung um Niveau vum SREL-Gesetz néideg wier, sollt ee sech net schumme fir méi kloer Virgaben ze ginn, fënnt den CSV-Deputéierten.

Och de Majoritéitsvertrieder Alex Bodry hält eng Nobesserung vum SREL-Gesetz elo fir sënnvoll. Am Staatsministère heescht et dozou op Nofro hin: No engem Joer wier souwisou geplangt, fir ze kucken, ob den Text misst nogebessert ginn. Ob de Kader fir de Staatstrojaner da präziséiert gëtt, dozou wollt de Spriecher vum Ministère sech net äusseren.

Asaz vun Trojaner duerch Gesetz vun 1982

Wéi de radio 100,7 am Juni zejoert gemellt huet, ware Staatstrojaner souwuel ënnert dem fréieren CSV-Premier Jean-Claude Juncker, wéi och ënnert dem aktuellen DP-Premier Xavier Bettel am Asaz - op Basis vun enger Dispositioun am Code d'instruction criminelle vun 1982. Dës ëmstridden Interpretatioun vun der Gesetzeslag deelt och de Staatsrot net, wéi aus dësem Passage a sengem Avis zum Gesetzprojet 6921 elo ervirgeet:

"dans la mesure où la sonorisation et la captation des données informatiques à l'intérieur de lieux ou de véhicules privés vient s'ajouter au dispositif législatif prévu, il s'opère une modification majeure en matière d'intrusion dans les droits."

Dorobber ugeschwat, bleift de Staatsministère awer derbäi, datt de Staatstrojaner scho virun der SREL-Reform legal war.

Wéi ee Schutz fir Journalisten?

Zréck bei den Avis vum Staatsrot zu den neie Sécherheetsmesuren: Gefuerdert gëtt hei och nach, datt d'Beruffsgeheimnis vun Affekoten an Dokteren berécksiichtegt gëtt. Am Avis gëtt erwähnt, datt a Frankräich doriwwer eraus och Journaliste besonnesch virun Iwwerwaachungsmoossname protegéiert sinn.

Et wier een hei kloer am Beräich vun der Terrorismusbekämpfung, seet dozou de Gilles Roth. "Den Droit de la défense ass ee Mënscherecht. Et sollt een déi mol prioritär préiwen. Bei der Kommunikatioun mat Journaliste muss een d'Verhältnisméissegkeet kucken. An deem Fall huet d'Sécherheet Virfaart." De Gilles Roth plaidéiert awer dofir nozekucken, ob d'Mediegesetz de Journaliste genuch Schutz bitt, fir mat Sourcen ze kommunizéieren.

De President vum Presserot Paul Peckels wollt sech nach net dozou äusseren. Am Mäerz stéing d'Thema vum Beruffsgeheimnis fir Journaliste virum Hannergrond vum Gesetzprojet 6921 um Ordre du Jour vum Conseil de Presse.

Chamber kéint Projet splécken

Wéi geet d'Chamber elo mat deem kriteschen Avis vum Staatsrot zu den neie Sécherheetsmesuren ëm? Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry ka sech virstellen, datt een elo an engem éischte Schrëtt just déi a sengen Ae manner ëmstridde Mesuren aus dem Gesetzprojet zréckbehält: D'Garde à vue kéint ënner gewëssen Ëmstänn op 48 Stonne kënnen verlängert ginn. A fir gewëssen Infraktioune wiere Perquisitioune 24 op 24 Stonnen méiglech. Et kéint een de Projet an zwee Deeler splécken a sech méi Zäit loosse fir ze kucken, wéi ee mat deenen anere Virschléi vun der Regierung ëmgeet.

Den LSAP-Fraktiounschef ass iwwerzeegt, datt d'Police Judiciaire méi Moyene fir digital Enquêtë misste kréien. Just esou kéint eng effektiv Terrorbekämpfung hautdesdaags funktionéieren. An der Komissioun misst ee sech awer d'Fro stellen, ob all d'Mesuren, déi virgesi sinn, wierklech néideg wieren. "Et muss een also een Tri maachen, wat an dësen Zäite wierklech noutwenneg ass oder wat een eventuell nëmme braucht, wann een an enger akuter Krisesituatioun ass."

Ass de Risiko vun iwwerstierzte Reaktiounen a Grondrechtsverletzungen net grad a Krisenzäiten ëmsou méi grouss? D'Reglementer, déi d'Regierung am Etat d'Urgence kéint huelen, missten och verfassungskonform sinn, äntwert dorobber den Alex Bodry: "Also muss sech mat der Kritik vum Staatsrot ausenanergesat ginn, ob mer dat elo wëllen direkt applizéieren oder eréischt méi spéit."


Lauschtert déi integral Interviewen:

Alex Bodryplay_arrow

Gilles Rothplay_arrow