Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sinfonie Nr. 40 a Sol Mineur, K. 550, III. Menuetto. Allegretto - Trio - Berliner Philharmoniker, Simon Rattle (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Geschäftstouristen: "En Challenge fir Lëtzebuerg"

Tourismus

Manner Geschäftstouristen: "En Challenge fir Lëtzebuerg"

D'Lëtzebuerger Hoteller sinn am Moment zu 50 bis 60 Prozent ausgelaascht, seet den Direkter vun der Agence Luxembourg for Tourism. Datt nach ëmmer manner Leit ewéi virun der Pandemie hei am Land buchen, géif domat zesummenhänken, datt de Geschäftstourismus sech nach net erholl hätt, esou de Sebastian Reddeker.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Studië géifen och drop hindeiten, datt de Geschäftstourismus op laang Dauer em een Drëttel géif of huelen. Dat wier en Challenge fir Lëtzebuerg, seet de Chef vun der Lëtzebuerger Tourismus-Agence. De Geschäftstourismus géif vill Suen am Land loossen a Lëtzebuerg misst elo aner Nische fannen fir mat enger méi cibléierter Kommunikatioun déi Leit op Lëtzebuerg ze kréien déi bei dës Destinatioun passen "respektiv - fir et riicht eraus ze soen - déi och Suen hu fir eis Strukturen hei ze notzen", sou de Sebastian Reddecker.

An Zukunft wéilt een dofir virun allem Fräizäit-Touristen ulackelen, déi berufflech gutt situéiert sinn, an déi gär "vill an intensiv reesen", sou den Direkter vu Luxembourg for Tourism.