Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner Nei-Infektioune mam HI-Virus

Krankheet

Manner Nei-Infektioune mam HI-Virus

Zu Lëtzebuerg goufen et zejoert bedeitend manner Nei-Infektioun mat HIV. Dat geet aus dem Rapport d'activité vum Comité fir d'Iwwerwaachung vun AIDS ervir.

auto_stories

1 min

43 Nei-Infektioune goufen am Joer 2018 registréiert. D'Nei-Infektioune bei homo- a bisexuelle Persoune soll dem Rapport no an d'Luucht gaange sinn.

Vun den insgesamt 21 neien Infektioune bei den Homo- a Bisexuelle sinn iwwer d'Hallschent vun de Persounen tëschent 26 a 35 Joer al. Fir eng besser Präventioun an Erkennung ginn et HIV-Selbsttester an den Apdikten ze kafen.

Et gëtt geschat, datt zu Lëtzebuerg ronn 1.200 Persoune liewen, déi sech mam HI-Virus infizéiert hunn. D'Sandy Kubaj, Chargée de direction fir AIDS-Berodung beim Route Kräiz, geet dovunner aus, datt 15 Prozent vun den Infizéierten net wëssen, datt si den HI-Virus hunn.


Lauschtert de Reportage vum Maurice Antony: