Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Baum trëtt op politesch Bühn

Neien Deputéierten

Marc Baum trëtt op politesch Bühn

Den Acteur a Parteimataarbechter Marc Baum ass neien Députéierte vun "déi Lénk". Hien iwwerhëlt d'Successioun vum Serge Urbany, an domat och seng Dossieren. Nom Depart vum Justin Turpel ass dat e weidere Schrack an der Verjéngung vun der Partei.

auto_stories

4 min

Vereedegung vum Marc Baum (Foto: Chambre des Députés)

"Et ass geféierlech, wann den Deputéierte sech ze vill professionaliséiert - doduerch verléiert hien de Lien mat der Zivilgesellschaft," esou de Marc Baum. De professionellen Acteur ass an der Chamber als Députéierte vun déi Lénk vereedegt ginn. Hie wëll och an Zukunft säi Beruff weider ausüben. Dem Rotatiounsprinzip vu senger Partei no iwwerhëlt de Marc Baum d’Successioun vum Serge Urbany an domadder och seng Dossieren: Verfassungsreform, Ausnamezoustand a Sozialpolitik.

De Marc Baum war vun 2008 bis 2014 Conseiller am Gemengerot vun Esch. "Lokalpolitik gëtt dacks ënnerschat," seet hien, well op lokalem Plang géing sech dacks mat nationaler Politik beschäftegt ginn. "Lokal Politik brauch eng Opwäertung."

"Demokratie brauch ëmmer eng Verjéngung"

De Marc Baum hofft, datt mam Depart vum Serge Urbany an dem Justin Turpel virdrun, d’Positioun vun der Partei an der Chamber net geschwächt gëtt. "Mir wëssen, datt d’Lat héich läit." Als parlamentaresche Mataarbechter vun déi Lénk hätt hien awer d’Dossiere vu sengem Virgänger ganz no suivéiert.

Wat kënnen zwee Députéiert an der Chamber erreechen? "Et kann ee probéieren, Diskussiounen ze beaflossen an Debatten z'impulséieren, an duerch eng aner Perspektiven och en anere gesellschaftleche Klima mat era bréngen," esou de Marc Baum. Mat zwee Députéiert kéint een awer net zur "eigentlecher" Majoritéit oder Oppositioun bäidroen. D’Chamber wär awer e Forum, wou Iddien a wichteg Diskussioune kéinten ugestouss ginn.

"CSV-Politik gëtt vu Regierung weidergemaach"

D’Regierung wär hiren eegenen Uspréch net gerecht ginn, de Bilan an der Halschent vun der Legislatur wär enttäuschent. Et wär ugekënnegt ginn, datt d’Fënstere grouss opgerappt géinge ginn. Dem Deputéierte vun déi Lénk no géing een dat awer net feststellen.

"Déi al CSV-Politik gëtt weidergemaach mat engem anere Stil. Et ass eigentlech ëmmer nach déi selwecht Gouvernance", esou de Marc Baum.

"An der Chamber gëtt et eng risegrouss Mëtt mat der CSV, LSAP, DP an déi gréng." D’LSAP an déi gréng hätte weider un Identitéit verluer, well se déi éischt zwee Joer eng Austeritéitspolitik bedriwwen hunn.

Réckewand fir lénk Parteien

"Lénk Parteie sinn eng Necessitéit, un déi ganz vill Jonker adheréieren." Dem Marc Baum no géing et eng Oppositioun géint déi riets-nationalsozialistesch Tendenzen an Europa ginn, déi am wuesse wär.

"Gesellschaftlech Verännerunge kommen, wann d'Leit net zefridde sinn." D’Sozialsituatioun an Europa an zu Lëtzebuerg géing mat sech bréngen, datt ëmmer méi Leit den historesche Gewënn vun engem bestëmmten economesche Modell a Fro stellen.