Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Aarbechtszäit muss gekierzt ginn"

Reform PAN-Gesetz

"Aarbechtszäit muss gekierzt ginn"

Trotz Kompensatioune riskéiert d’Reform vun der Aarbechtszäit-Organisatioun - am Sënn vun enger méi grousser Flexibilitéit – en défaveur vun de Salariéen auszefalen, warnt de Marc Baum. Den Deputéierte vun Déi Lénk plädéiert fir eng Verkierzung vun der Wochen-Aarbechtszäit.

auto_stories

3 min

Marc Baum

Dem Aarbechtsminister Nicolas Schmit sengem Gesetzprojet no kënne Betriber, déi dat wëllen a bei deenen de Kollektivvertrag näischt aneschtes virgesäit, d’Referenzperiod vu bis elo engem Mount op bis zu véier Méint verlängeren. D'Aarbechtszäit ka bannent där Period flexibel organiséiert ginn, soulaang d’Salariéen um Enn net méi wéi duerchschnëttlech 40 Stonnen d’Woch schaffen – wat driwwer läit muss als Iwwerstonnen ausbezuelt ginn. Als Géigeleeschtung kréichen d’Salariéë bis zu 3,5 Deeg méi Congé pro Joer.

Trotz deene Kompensatiounsmoossname "riskéiert dat Gesetz, en défaveur vun de Salariéen" an zugonschte vun den Entreprisen auszefalen, mengt de Marc Baum. Den Deputéierte vun Déi Lénk berifft sech op de Minister, deen a senger Gesetzesvirlag schreift:

"Plus une entreprise a des variations dans son activité et effectue de ce fait des heures supplémentaires, plus elle a intérêt à opter pour une période de référence plus longue qui lui permet de les récupérer au cours de la période de référence et d’être finalement gagnante."

Well sech d’Gewerkschaften an d’Patronat net eens gi waren, hat den Aarbechtsminister d’Initiative ergraff. Säi Projet, fir d’PAN-Gesetz vun 1999 (Plan d’action national en faveur de l’emploi) ze reforméieren, war ugangs vun de Patronat-Organisatiounen, déi méi Flexibilitéit wollten, schaarf kritiséiert ginn.

"Verhandlungspositioun vun de Gewerkschafte geschwächt"

Den OGBL hat sech éischter zefridde gewisen. Dem Marc Baum no hätt d’Gewerkschaft sech deemools op déi grouss Linne vum Text bezunn. "Wann een awer elo an d’Detailfroe geet, da stellt ee fest, datt dat vill méi tricky ass". D’Chambre des salariés hätt ee "ganz kriteschen" Avis iwwert d’Reform vum PAN-Gesetz geschriwwen, de Widderstand vum Patronat hätt dogéint nogelooss. "Well se wahrscheinlech och gemierkt hunn, wann een d’Texter genee liest, datt dat eigentlech net en défaveur vun den Entreprisen ass".

Fir de lénke Politiker riskéiert dës Reform d’Verhandlungspositioun vun de Gewerkschafte bei Kollektivverträg ze schwächen. "Wann de Patron gären eng méi laang Referenzperiod hätt, da muss hie keen neie Kollektivvertrag maachen". Hat den LCGB net grad virun där Gefor gewarnt? De chrëschtlech-soziale Gewerkschaftsbond hätt dat awer wéilte vu Betrib ze Betrib regelen, sou de Marc Baum. "Dat ass ganz geféierlech. Besonnesch bei Kleng- a Mëttelbetriber hunn d’Personaldelegatiounen net d’Kraaft, fir kënne gutt Accorden ze negociéieren".

Rifkin an Enn vun der Aarbecht?

"Den eigentleche Punkt ass, datt mer schonn Éiwegkeete keng Aarbechtszäit-Verkierzung méi hunn", obwuel d’Produktivitéit ëmmer méi wiisst. Dem Marc Baum plädéiert fir eng méi kuerz Wochen-Aarbechtszäit an d’Aféierung vun enger sechster legaler Woch Congé (30 Deeg amplaz 25 Deeg), als Géigeleeschtung fir eng méi laang Referenzperiod. Elo wier dofir dee richtege Moment. De Marc Baum bezitt sech och op den amerikanesche Futurolog Jeremy Rifkin, deem säi Rapport iwwert d’Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Wirtschaft an zwou Woche presentéiert gëtt an dee bis viru kuerzem nach d’Enn vun der Aarbecht prophezeit hat.

D’Reform vum PAN-Gesetz muss nach bis Enn des Joers duerch d’Chamber goen wann et, wéi geplangt, den éischte Januar 2017 a Kraaft soll trieden. Allerdéngs wier den Avis vum Staatsrot nach net do, "wat erstaunlech ass". Dem Marc Baum no dierft et enk ginn. Ouni Gesetz gëtt dat aktuellt ëm ee Joer verlängert.