Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Police - So Lonely

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng substantiell Erhéijung"

Studiebäihëllefen

"Eng substantiell Erhéijung"

D'Mobilitéits- an d'Sozialbourse aus dem Pak vun de Studiebäihëllefe gi gehéicht. Dobäi wieren d'Besoine vun de Studente genau ënnert d'Lupp geholl a berücksichtegt ginn. Dat seet de Staatssekretär am Héichschoulministère, Marc Hansen (DP). D'Kritike vun der UNEL oder nach der CSV-Deputéiert Martine Hansen, léisst hien net gëllen. Mick Entringer / ckl

auto_stories

3 min

"D'Politik huet nogelauschtert", seet de Marc Hansen, Staatssekretär am Héichschoulministère

Nom Ausschaffe vun enger Etude doriwwer "wat d'Studente wierklech brauchen", huet de Staatssekretär Marc Hansen (DP) rezent déi nei Studiebäihëllefe virgestallt. "D'Politik huet nogelauschtert", seet de Marc Hansen, a wier also op d'Studenten agaang. Hie schwätzt vun enger "substantieller Erhéijung". Geplangt ass elo fir zwee Elementer vun de Studiebäihëllefen ze héijen: Mobilitéitsbourse geet ëm 450 Euro erop op 2450 Euro. An och d’Sozialbourse, déi vum Akommes vun der Famill ofhänkt, ka bis zu engem Maximum vun 3.000 Euro an d’Luucht gesat ginn.

D'UNEL, déi anescht wéi d'ACEL, net mat um Verhandlungsdësch souz , bedauert an enger Reaktioun op déi nei proposéiert Hëllefen, datt d'Mobilitéitsbourse tselwecht bleift, "ob ee lo zu Tréier oder zu London studéiert", trotz ënnerschiddleche Konditiounen op den zwou Plazen. Et kéint een also hei net vun enger Verbesserung schwätzen. 

"Eppes fir déi sozial Schwaach gemaach"

De Marc Hansen bleift awer dobäi: d'Besoine vun de Studente si – queesch duerch Europa – ënnert d'Lupp geholl ginn, an also bekannt. Eng Schlësselzuel dovun: ee Student brauch an der Moyenne 896 Euro de Mount fir ze liewen. Duerch Studiebäihëllefe kritt hien, duerchschnëttlech, 960 Euro. Beim Ausschaffe vun de neien Hëllefen ass een awer net bei dësen Zuele stoe bliwwen. D'ACEL hat de Staatssekretär drop opmierksam gemaach, datt een net bei de Moyenen dierft bleiwen. Am Detail gekuckt hätten d'Studenten deelweis méi héich Ausgaben.

Wat d'Sozialbourse ugeet, sou kann eng Persoun aus sozial schwaache Verhältnisser an Zukunft bis zu 1.250 Euro zousätzlech kréien. “Mir haten nach ni eng Sozialbourse hei am Land déi esou héich war. Mir hunn hei eppes gemaach fir deene sozial Schwaachen eppes bäi ze ginn”, seet de Marc Hansen. 

Wéi eng Hëllef fir Famille mat vill Kanner?

De Marc Hansen ënnersträicht och, datt d’Studentenassociatioun ACEL, "ee vun de ganz groussen Acteuren", zefridde wier mat der Form a mam Montant vun de Studiebäihëllefen. An: d'ACEL hätt a méi wéi 44 Stied op der Welt e Studentencercel a misst also genau wëssen, wat fir Käschten do ufalen.

D’UNEL an och d’CSV-Députéiert Martine Hansen kritiséieren awer, datt béi der Adaptatioun vun der Sozialbourse net déi gesamt Kannerzuel an enger Famill gekuckt gëtt, mee just d’Zuel vun de Kanner déi studéiere ginn. "Fir déi Kanner déi net studéiere gëtt et zu Lëtzebuerg Kannergeld", ënnersträicht de Staatssekretär. Desweidere géifen zwee Kanner aus engem sozial schwaache Stot jo och zwee Mol d'Sozialbourse kréien.  

Déi nei Adaptatioune vun de Studiebäihëllefe solle fir déi nächst Rentrée 2016-2017 a Kraaft trieden.