Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enovos muss sech ëmstellen

Energie

Enovos muss sech ëmstellen

Enovos ass zefridde mam Bilan vun 2015: Den Energiekonzern hat dat bescht operatiivt Resultat jeemools. Mee Enovos verännert sech: Vum rengen Energiefournisseur bei den Déngschtleeschter. Eng grouss Erausfuerderung.

auto_stories

5 min

Am neien Departement "Energy Services and Solutions" schaffen eng 20 Leit Vollzäit un neie Produiten

2015 huet den Energiekonzern Enovos dat bescht operatiivt Resultat iwwerhaapt gemaach. De Netto-Benefice goung op 80,6 Milliounen Euro erop. Dat ass ee Resultat mat deem de Konzern zefridden ass, och wann den Ëmsaz zréckgaang ass. Datt den Ëmsaz erof geet hänkt domat zesummen, datt d'Energiepräisser gefall sinn, seet de Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg Marc Reiffers am Interview beim Pierre Reyland.

Doriwwer eraus ass beim Gasverkaf de Volumen erofgaang. "De Gas ass vill un d'Temperatur gebonn an et war ee mëlle Wanter". Weider Grënn fir d'Baisse sinn de Verloscht vun enger Rei grousse Clienten, an d'Tatsaach datt d'Twinerg-Wierk zu Esch, bal dat ganzt Joer laang net gelaf ass – och wéinst de niddregen Energiepräisser.

Twinerg: Fermeture, wa keen Accord fonnt gëtt

D'Twinerg an hir Aktionäre, dorënner Enovos, verhandelen am Moment mat der belscher Regierung fir d'Gasturbinnen-Anlag weider kënnen z'operéieren. Wann ee keen Accord mat der belscher Regierung géing fannen, riskéiert d’Twinerg am November provisoresch oder permanent gestoppt ze ginn. Fir déi 15 bis 20 Salariéen vun der Gas-Turbin Anlag kéint een awer eng nei Aarbecht fannen, esou de Marc Reiffers am Interview mam Pierre Reyland.

Eng grouss Erausfuerderung fir Enovos ass och d'Transitioun op méi erneierbar Energien a méi Energieeffizienz. "Well ëmmer méi erneierbar Energie op de Maart kommen, ginn déi grouss Kraaftwierker aus dem Maart erausgedréckt, an déi erneierbar diktéieren de Präis", sou de Marc Reiffers. Enovos Lëtzebuerg misst dofir säi Geschäftsmodell änneren a géif sech ëmmer méi zu engem Service Provider entwéckelen, dee senge Clienten Energieberodung a nei Technologien ubitt.

E neie Geschäftsmodell

Am neien Departement "Energy Services and Solutions" schaffen eng 20 Leit Vollzäit un neie Produiten am Beräich vun der Energieeffizienz, sougenannte "Smart Applications", oder un der Eco-Mobilitéit. "Mir entwéckelen eis dohinn fir an Zukunft eist Geld méi iwwer esou Produiten ze verdéngen wéi iwwer de Verkaf vun Energie".

De Marc Reiffers gesäit awer nach ee Problem am Beräich vun der erneierbarer Energie, an zwar an der Ofhängegkeet vu Sonn a Wand. "Wann kee Wand ass oder keng Sonn schéngt, da brauche mer nach ëmmer konventionell Kraaftwierker fir déi Energie ze produzéieren déi da feelt". Et wier een "Dilemma an Europa", datt d'Technik fir déi erneierbar do wier, "mee d'Leit net wësse wat se domat solle maachen". De Moment géif et drëm goen erauszefannen wéi een erneierbar a konventionell Energie kann zesumme bréngen.

Energiespuere mat de Betriber​​

Opgrond vun enger EU-Direktive ass Enovos och ugehal, zesumme mat der Industrie un méi Energieeffizienz ze schaffen: All Joer soll deemno 1,5% manner Energie an den Entreprisen verbraucht ginn. "Déi 1,5% entsprieche bei eis 190 Gigawatt an der Stonn oder 40.000 Privatclienten, déi mussen agespuert ginn. Dat kann nëmme mat grouss Projeten mat der Industrie goen", sou de Marc Reiffers, Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg am Interview beim Pierre Reyland. An deem Sënn wieren eng Rei Projeten amgaang, dorënner Supermarchéë déi hier Beliichtung op LED ëmstellen.

An Zukunft wëll Enovos sech weider um europäesche Marché ausbreeden. D'Bedeelegung u Vialis ass an dréchenen Dicher, an et géif nach "een zweeten interessanten Dossier a Frankräich lafen", sou de Marc Reiffers. Och den Interessi vun Enovos bei Thyssengas eranzeklammen huet den Enovos-Generaldirekter confirméiert.