De Marc Schoentgen gesäit dat net als problematesch fir d'Neutralitéit vum Zentrum fir politesch Bildung. Wat eenzel Persounen aus dem Verwaltungsrot an hirem Privatliewe géife maachen, dat wier hinne fräigestallt. Beim Choix vun de Membere vun deem Gremium, hätt déi politesch Faarf oder Positionéierung och keng Roll gespillt. Grondwäerter, op déi sech d'Fondatioun baséiert, sinn déi vun de Bierger a Mënscherechter, ënnersträicht de Marc Schoentgen.
Pedagogescht Material iwwert d'Lëtzebuerger Institutiounen
D'Chamber wëllt dëst Joer an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung pädagogescht Material ausschaffen, fir de Schüler an de Bierger d'Fonctionnement vum Parlament an de Lëtzebuerger Institutiounen op eng einfach Aart a Weis z'erklären. Geplangt si Filmer a pädagogesch Dokumenter, déi an de Schoule kenne genotzt ginn. Wichteg wier et opzepassen, datt een eng Sprooch notzt, déi fir jidderee verständlech ass.
Broschüren an "einfacher Sprooch"
Bierger, déi keng Lieskompetenzen hunn oder déi verschidde Sprooche wéi Franséisch net gutt verstinn, dierfen net aus dem politesche Liewen ausgeschloss ginn. An deem Sënn huet den Zentrum fir politesch Bildung nei Broschüren ausgeschafft, déi an "einfacher Sprooch" formuléiert sinn.
"D'Sprooch soll keng Barrière sinn, wann et drëm geet, eng Institutioun a politesch Prozesser ze verstoen", seet de Marc Schoentgen.
Juristen oder Beamte kéinten mat Liichtegkeet komplex Texter, déi op Franséisch formuléiert sinn, verstoen. Fir Jonker oder Bierger, déi dat Wëssen net hunn, kann d'Franséischt eng Barrière duerstellen. Dat selwecht gëllt fir Texter, déi op Däitsch oder op Lëtzebuergesch geschriwwe sinn. Deem misst een an der politescher Bildung och Rechnung droen, ënnersträicht de Marc Schoentgen.