Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jungle - Back On 74

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Referendum: Wéi zwee CSV-Deputéiert neie Revirement provozéiert hunn

100,7-Informatiounen

Referendum: Wéi zwee CSV-Deputéiert neie Revirement provozéiert hunn

Datt d'CSV sech dës Woch iwwerraschenderweis awer fir e Referendum iwwer d'Verfassungsreform agesat huet, ass 100,7-Informatiounen no d'Resultat vu gréisseren internen Divergenzen. Déi gréisst Oppositiouns- a fréier Regierungspartei huet hir Positioun fir d'zweet bannent zwee Joer revidéiert. Ausléiser dës Kéier waren d'Deputéiert Marc Spautz a Michel Wolter.

auto_stories

5 min

Lauschterenplay_arrow


Déi zwee Süddeputéiert hunn d'Theema Verfassungsreferendum an de leschte Méint an den CSV-Gremien ëmmer nees zur Sprooch bruecht, obwuel déi véier grouss Parteie sech virun zwee Joer eens goufen, kee finale Referendum ze organiséieren.

Bis zu den Evenementer vun dëser Woch waren d'Virstéiss vum Michel Wolter a Marc Spautz ouni Succès: Zum Beispill hu sech rezent op engem Nationalrot just véier vun de ronn 70 Leit, déi present waren, dofir ausgeschwat, datt d'CSV sech aktiv fir e Verfassungsreferendum sollt asetzen.

Hefteg Diskussiounen an der Fraktiounssëtzung

Den Dënschdeg an der Fraktiounssëtzung koum et dunn zu heftegen Diskussiounen, déi zum Revirement gefouert hunn: Déi zwee Süd-Deputéiert Wolter a Spautz hunn op en Neits gefuerdert, datt d'CSV sech fir ee Referendum iwwer déi véier Deeler vun der Verfassungsreform misst asetzen.

Mee mat Ausnam vun der Françoise Hetto an dem Aly Kaes, wollt d'Majoritéit vun der Fraktioun awer bei der Positioun vun 2019, déi d'CSV deemools mat de Majoritéitsparteien ausgehandelt hat, bleiwen.

Intern Muechtkämpf

Aus Fraktiounskreesser heescht et, datt de Michel Wolter an de Marc Spautz den Dënschdeg domat gedreet hätten, hiren Desaccord ëffentlech ze maachen an eng Resolutioun en faveur vum Referendum ze ënnerschreiwen.

De Rapporter vum Justiz-Kapitel Léon Gloden huet verschiddene Sourcen no dogéint gehalen. Hien hätt seng politesch Zukunft an d'Woschuel geluecht, fir ze verhënneren, datt den éischte Vott iwwer dat neit Verfassungskapitel iwwer d'Justiz verluecht gëtt. Dat war nämlech eng vun den Optiounen, iwwer déi an där Fraktiounssëtzung diskutéiert gouf.

Reprochë géint Parteispëtzt

An der Diskussioun soll dunn e Kompromëss entstane sinn: D'CSV géif sech Mëttwochs beim Vott iwwer d'Justizkapitel fir e Referendum asetzen. Awer nëmmen, wann och 25.000 Leit géifen déi ëffentlech Petitioun Nr. 2007 ënnerschreiwen, déi Mëtt September deposéiert gouf, an déi am Plaz vun engem zweete Vott an der Chamber e Verfassungsreferendum fuerdert, an déi eng ganz Partie vun der Argumenter vun der Oppositiounspartei ADR iwwerhëlt.

Den CSV-Präsident Claude Wiseler, an d'Fraktiounscheffe Martine Hansen a Gilles Roth hunn dës Woch versicht ee Kompromëss ze fannen an een ëffentlechen Eclat ze evitéieren. Verschidde Parteimemberen, mat deene mir geschwat hunn, reprochéieren der CSV-Spëtzt, datt si déi intern Muechtkämpf net ënner Kontroll hätt.

Claude Wiseler: "Mir kënnen net mam Kapp duerch d'Mauer"

Den CSV-Parteipresident Claude Wiseler wollt am 100,7-Interview eis Recherchë weder confirméieren nach dementéieren, "well ech si Parteipresident a fannen et inappropriéiert fir den internen Entscheedungswee ze kommentéieren". Et wier eng Entscheedung an der Fraktioun an am Nationalcomité geholl ginn an natierlech hätten den Inhalt an d'Referendumsfro och an der CSV Diskussiounen declenchéiert.

Dem Claude Wiseler no ass d'CSV nach ëmmer der Meenung, datt d'Verfassung soll mat engem zweete Vott an der Chamber an net mat engem Referendum guttgeheescht ginn: "Mir sinn nach ëmmer der Meenung, datt mer sollen de parlamentaresche Wee goen, dat ass eisen éischte Choix", esou den CSV-President. Mee d'Oppositiounspartei wéilt awer och op d'Leit lauschteren: "Wann d'Expressioun fir e Referendum ganz staark ass, kënne mer net mam Kapp duerch d'Mauer goen".

Op d'Petitioun ugeschwat, déi als Stëmmungsbarometer gëlle soll, gëtt de Claude Wiseler zou: "Et sinn ADR-Argumenter an der Petitioun". Déi Petitioun hätt awer lo zäitlech gepasst well se ebe géif e Referendum fuerderen.

Ënnerscheeder tëschent CSV an ADR

Tëscht ADR an CSV géifen et awer "massiv" Ënnerscheeder ginn. D'CSV hätt anescht wéi d'ADR dat neit Verfassungskapitel fir méi Onofhängegkeet vun der Justiz gestëmmt. D'CSV hätt och eng "total" aner Approche wéi d'ADR an déi aner Oppositiounsparteien: "Mir wëllen déi nei Verfassung, mee mir lauschteren och op d'Vollek".

Wa 25.000 Leit d'Petitioun fir e Verfassungsreferendum ënnerschreiwen, géif d'CSV gär mat den dräi Majoritéitsparteie schwätze wéi et weider geet. Da wéilt een eng Demarche am Konsens fannen, well a Verfassungsfroe bräicht een e grousse Konsens.

"Et ass net esou einfach als CSV-President?", esou eis Fro un de Claude Wiseler, deen zënter engem hallwe Joer déi gréisst Oppositiounspartei presidéiert, nodeems de Frank Engel demissionéiert huet. D'Äntwert vum Claude Wiseler: "Dat sot der zwar gutt". Den Job wier heiansdo komplizéiert a géif och heiansdo un d'Nerve goen, mee hien hätt gewosst, datt et net géif einfach ginn.

Réckbléck

Déi grouss Parteien an der Chamber schaffen zanter iwwer 15 Joer un enger neier Verfassung. D'CSV, d'LSAP, d'DP an déi gréng hunn iwwer déi Joren a ville Punkte Kompromësser fonnt, déi fir Verfassungsännerungen néideg sinn.

Fir all Ännerung un der Constitutioun ass eng Zwee Drëttel-Majoritéit am Parlament erfuerdert. Zesummen hunn déi véier Fraktiounen 52 vu 60 Sëtz am Parlament.

Bis 2019 war geplangt, de finale Verfassungstext engem Referendum ze ënnerbreeden, no engem erfollegräichen éischte Vott an der Chamber. D'CSV huet ënner dem deemolege Parteipresident Frank Engel awer iwwerraschend hir Positioun geännert a gedreet d'Constitutioun, un där se jorelaang mat ë.a. dem Deputéierte Paul-Henri Meyers matgeschafft huet, net méi matzestëmmen.

No Verhandlunge sinn CSV, LSAP, DP a gréng sech eens ginn, déi geplangten Ännerungen a véier Kapitelen opzedeelen an net méi engem Referendum ze ënnerbreeden, mee zwee getrennte Votten am Parlament, wat eng genee sou eng Optioun ass wéi e Referendum.