Marcel Funk soll d'Cargolux-Generaldirektioun verloossen

An der Generaldirektioun vun der Cargolux gëtt et schonn nees eng Ännerung. De Marcel Funk, zoustännegen Direktiounsmember fir d’Fluch-Operatioune soll d’Generaldirektioun 100,7-Informatiounen no deemnächst verloossen. Hannergrond solle Meenungsverschiddenheete sinn. De Marcel Funk ass den eenzege Lëtzebuerger an der Generaldirektioun. Hien ass eréischt virun 12 Méint op dee Poste genannt ginn. Den Total vun den Departen zënter Ufank 2014 an der Generaldirektioun vun der Cargogesellschaft klëmmt domat op fënnef.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen