Radioen

On air

Tockcity  |  Fontaines D.C. - Starburster

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Schrëtt an d'Onofhängegkeet vereinfachen

Flüchtlingen

De Schrëtt an d'Onofhängegkeet vereinfachen

D'Marianne Donven, Matbegrënnerin vum Projet "Oppent Haus", fuerdert, datt déi spezifesch Situatioun vun de Flüchtlingen am neien RMG-Gesetz hir Plaz fënnt. An datt Schaffegoe fir si méi einfach gëtt.

auto_stories

4 min

D'Marianne Donven huet de Projet "Oppent Haus" matgegrënnt

Sue spillen eng grouss Roll wann et drëm geet, als Flüchtling op eege Féiss stoen ze kommen - och wann dat Famillen zu Lëtzebuerg net dovun ophält, Refugiéë bei sech opzehuelen. D'Marianne Donven, Matgrënnerin vum Projet "Oppent Haus", fuerdert dofir Ännerungen um RMG. D'Mindestakommes ka jiddereen, dee méi wéi 25 Joer huet, ufroen. Dat gëllt fir Residente wéi Refugiéë gläichermoossen - awer just, wann een eleng wunnt.

Gëtt e Refugié also vun enger Famill opgeholl, kritt e keen RMG méi. "Et gëtt zwar den Artikel 4 vum RMGs-Gesetz, dee seet, dass een den RMG nach ee Joer ka kréien, wann een direkt aus dem Foyer bei enger Famill wunne geet", huet d'Marianne Donven präziséiert, "mee e Joer ass och séier ëm."

Drock vum Immobiliëmarché huelen

D'Marianne Donven fënnt, datt een aus deem Grond de Prinzip vum "ménage à part" misst iwwerdenken. Dat heescht konkret, datt een an enger Wunngemeinschaft zesumme lieft, juristesch awer behandelt gëtt wéi wann een eleng géif wunnen. An deem Fall hätt een eben nees Recht op den RMG.

"Et ass schued, datt sou vulnerabel a sozial schwaach jonk Leit sech eng eegen Adresse musse sichen. Et wier vill méi gesond, wann déi Leit kéinten zesummen oder bei enger Famill wunnen, an awer nach den RMG kréien." Doriwwer eraus kéint een esou Drock vum Immobiliëmarché huelen.

"Zécke fir de Schrëtt ze maachen"

Sou géifen déi betraffe Persounen dann och erëm an eng Ofhängegkeet geroden. Och wann si hei am Land net vill där Fäll géif kennen, sot d'Marianne Donven: "Verschidde Famillen denken, datt si am Fong der Persoun net wëlle mei schueden, wéi hëllefen, an zécken dann, fir de Schrëtt ze maachen." Fir Mannerjäreger huet d'Situatioun sech iwwerdeems geännert. Bis viru kuerzem gouf et och fir d'Ophuele vu Mannerjärege kee finanzielle Support. Zënter leschtem Dezember gi Famillen, déi eng Formatioun als Fleegefamill maachen, awer vum Office national de l'enfance (ONE) ënnerstëtzt.

Et wier d'Altersgrupp vun 18 bis 25, déi keng finanziell Ënnerstëtzung ze gutt hätt. Et géif zwar Mesurë ginn, mee déi wieren all u Konditiounen gebonnen, déi déi meescht jonk Leit net géifen erfëllen.

Keen ideale Start um Aarbechtsmaart

D'Marianne Donven seet och, Lëtzebuerg misst méi Efforte maachen, fir Refugiéë séier um Aarbechtsmaart anzebannen. "Wann d'Leit bei eis ukommen, kréien se direkt deen RMG an de Kapp gesat. Ech hätt am Fong vill léiwer, wann alleguerten déi Leit, déi international Protektioun ufroen, vum éischten Dag u wierklech dorop getrimmt géife ginn, fir op den Aarbechtsmaart ze kommen."

Si missten eng reell Méiglechkeet kréien, no e puer Méint scho kënne schaffen ze goen. Et gëtt d'Méiglechkeet eng virleefeg Autorisatioun (AOT) ze kréie fir schaffen ze goen. "Mee d'AOT, sou wéi se am Gesetz steet, ass net operationell", sot d'Marianne Donven, "et huet nach bal keen et fäerdeg bruecht, esou en Aarbechtskontrakt ze kréien."

Berufflech Perspektiven opmaachen

Et misst ee vum éischten Dag un Efforte maachen, fir d'Leit ze forméieren oder ëmzeforméieren. Si huet op déi gängeg Praxis an Däitschland verwisen, un där een sech misst orientéieren. An Däitschland wier d'Aarbechtsamt an all Foyer präsent. No der medezinescher Kontroll gëtt direkt als zweete Schrëtt gekuckt, wéi eng berufflech Perspektiv déi Persounen hunn.

Sou kéint ee feststellen, wat den eenzele Leit nach feelt fir op den Aarbechtsmaart kënnen ze kommen. "An da gi se ganz spezifesch doropshi forméiert", sou d'Marianne Donven, "déi Leit gi prett gemaach, fir datt se spéitstens no sechs Méint kënne schaffe goen."

Efforten bei de Sproochecoursen

Zu Lëtzebuerg sinn déi verschidde Sproochen um Aarbechtsmaart eng Viraussetzung. Aus dem Grond wieren an de leschte Méint op ville Plazen nei Sproochecoursen dobäikomm.

"Et gëtt heiansdo eng Waardelëscht an et gëtt och nach Sputt no uewen, besonnesch beim Franséischen. Et sinn awer ganz vill Efforte gemaach ginn, well di Demande a kuerzer Zäit ganz grouss war", huet d'Marianne Donven kloergestallt.