Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi eege Recettë fir d'Europäesch Unioun?

Reform EU-Budget

Méi eege Recettë fir d'Europäesch Unioun?

D'Virschléi vum Mario Monti sengem Aarbechtsgrupp fir de Budget vun der Europäescher Unioun ze reforméiere goufen am Januar 2017 publizéiert. D'Proposë goufen am Optrag vun der EU-Kommissioun ausgeschafft. Op Invitatioun vun der Europäescher Investitiounsbank huet de fréieren EU-Kommissär a fréieren italienesche Premier dës Woch hei zu Lëtzebuerg iwwer seng Virschléi geschwat.

auto_stories

6 min

Mario Monti (Foto: picture alliance / Wolfgang Kumm)

De Budget vun der Europäescher Unioun ass eng komplizéiert Ugeleeënheet, huet den italieneschen Ekonomist a Politiker Mario Monti bei der EIB ënnerstrach. Et misst e sech och bewosst sinn, datt déi finanziell Revenue déi Sue sinn, déi et der Unioun erlaben hir Aufgaben ze packen.

"Wat den EU-Budget och fir Defauten huet, et bleift dat bescht Instrument, dat mir hu fir gemeinsam Projeten mat Erfolleg ëmzesetzen an de Message ze schécken, datt d'EU hir Verspriechen ëmsetze kann an och ëmsetze wëllt. D'Migratioun, d'Baussegrenzen an d'Defense: dat si Beispiller fir Beräicher an deenen ofgestëmmten Handlunge vun der EU am meeschten erwaart ginn", esou de Mario Monti.

Wou kommen d’Suen hier?

De Budget vun der Europäescher Unioun ka keen Defizit opweisen. Eng Finanzéierung duerch Suen, déi op de Finanzmarchéen geléint ginn, ass deemno net méiglech. All déi Suen, déi d’EU fir d'Ëmsetzung vun hirer Politik brauch, muss si och tatsächlech zur Verfügung hunn. Aus eegener Kraaft verdéngt d’EU net vill: nëmme knapp 13 Prozent vum Budget kommen aus den Droits de Douane op Importer. De Rescht sinn zum groussen Deel Contributioune vun de Memberstaaten. Bal 70 Prozent vum Budget si finanziell Bedeelegungen, déi vun der Wirtschaftsleeschtung vun den eenzele Staaten ofhänken.

Kritiken um EU-Budget

De System gëllt als absolut onduerchsiichteg. Et ginn honnerte vun Ausnamen. Verschidde Staate wéi Groussbritannien kréie Reduktiounen a musse manner bezuelen. A well net alleguer déi aner EU-Staaten dëst Lach wëlle stoppen, ginn et och nach Reduktiounen op d'Reduktiounen.

Op där anerer Säit hätten och eng Rei EU-Staaten eng falsch Motivatioun, esou de Mario Monti. Et wier net d'Zil vun der EU, op d'mannst esou vill Sue vu Bréissel ausbezuelt ze kréien, wei een der abezuelt. "Wann an engem Memberstaat een Euro investéiert gëtt, da gesinn all déi aner Staaten dat als Verloscht, och wann an eng Moossnam investéiert gëtt, vun där Jidderee profitéiert. Dat ënnergrueft d'Iddi vun engem europäesche Méiwäert an dat muss geännert ginn."

Dem Mario Monti säin Aarbechtsgrupp proposéiert dowéinst, de Gros vun de nationale Contributiounen duerch d'Generéiere vun eegene Ressourcen z'ersetzen. Well d'EU awer mat den Droits de Douane net genuch Suen eranhëlt, missten nei Source vu Revenuen entstoen.

Ze vill Alternativen

Am Rapport vum Mario Monti sengem Aarbechtsgrupp sinn zwielef Alternativen opgelëscht. Dat sinn der ze vill, sou de politeschen Ekonomist Jörg Haas vum Jacques Delors-Institut Berlin. "Die Monti-Gruppe bespricht zwölf verschiedene mögliche Einnahmequellen und davon sind einige einfach nicht besondert gut geeignet um die EU zu finanzieren. Fünf dieser Einnahmequellen erzeugen ganz klar nicht genug Einnahmen. Wenn man sie zur Finanzierung der Europäischen Union verwenden wollte, müsste man sie miteinander kombinieren. Und dann würden wir ein kompliziertes System durch ein neues kompliziertes System ersetzen", esou den däitschen Expert.

Wéi gutt sech d'Propose vum Grupp ëm de Mario Monti an der reeller Welt kéinte behaapten, hänkt vun enger Réi Critèren of, wéi der Effizienz oder der Transparenz vun de Mesuren. Zentral misst dem däitsche Wëssenschaftler no awer d'Fro sinn, ob déi nei Akommesquellen hir Zieler erreechen. "Das sieht man am Beispiel einer Mineralölsteuer oder einer Abgabe auf Kohlenstoffdioxid. Wenn die EU daraus Einnahmen generieren würde, dann würde das auch helfen die umweltpolitischen Ziele der Europäischen Union zu erreichen: es würde also doppelt helfen."

Villverspriechende Virschlag

Besonnesch villverspriechend wier d'Propose aus dem Monti-Rapport, fir eng gemeinsam Bemiessungsbasis fir déi europäesch Besteierung vun Entreprisen ze schafen, esou de Jörg Haas. "(…) und dass Firmen dann ihren Gewinn dort versteuern, wo sie ihn erwirtschaften, nicht dort wo sie ansässig sind. Das würde nämlich helfen, dass man einerseits verlässlich Geld für die EU bekommt und andererseits würde es bedeuten, dass Firmen nicht mehr in Steueroasen flüchten können, wie sie es heute manchmal tun."

D'Reform vum EU-Budget dierft e laange Prozess ginn. De Mario Monti ass iwwerzeegt dovun, datt Ännerungen un der Generéierung vun EU-eegene Ressourcen awer de richtege Wee wieren, fir den EU-Budget gläichzäiteg méi stabil a méi flexibel ze maachen.

Afloss vum Brexit op den EU-Buget

Den Aarbechtsgrupp huet bal dräi Joer u sengem Rapport geschafft. An de leschte sechs Méint gouf dunn nach den Impakt vum Brexit consideréiert. Mat Vue op den EU-Budget wier geplangten Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun net nëmme schlecht, sou de Mario Monti um Bord vu senger Visite zu Lëtzebuerg. De Brexit wäert et senger Meenung no méi einfach maache fir nei an anescht ze denken, sou den Italiener. De Brexit wier een zousätzleche Facteur, deen eng déifgrënneg Reflexioun iwwert den EU-Budget wäert forcéieren.

Nom Brexit falen tëscht siwen an zéng Milliarden Euro all Joer aus dem Budget ewech. Wann dat Lach mat EU-eegene Revenuen soll gefëllt ginn, da misst d'Reform séier ëmgesat ginn. Dat geschitt just, wann d'Memberstaaten alleguer mat der Reform averstane sinn. An e Kompromëss ze fannen, ass zu 27 net vill manner komplizéiert.