Radioen

On air

E-Lodie  |  Fvlklvre - 9-5

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marokko: Eng Entrée op den afrikanesche Marché

Wirtschaftsmissioun a Marokko

Marokko: Eng Entrée op den afrikanesche Marché

Haut Méindeg ass den Optakt vun enger Wirtschaftsmissioun a Marokko. D'Lëtzebuerger Delegatioun vu ronn 100 Leit gëtt vum Ierfgroussherzog Guillaume an dem Wirtschaftsminister Etienne Schneider ugeféiert. D'Chambre de Commerce ass natierlech och mat dobäi. Ronn 50 Entreprisen aus hire Reien hu sech fir d'Rees ugemellt. Wat mech dat nordafrikanescht Land interessant?

auto_stories

3 min

"Le Maroc est aujourd'hui considéré comme un pôle de stabilité et de sécurité dans la région."

Wann en Ambassadeur iwwer säi Land schwätzt, dann zeechent hien ëmmer e positiivt Bild. Dat ass evident. De Mohammed Ameur, deen de Maroc an der Belsch a vu Bréissel aus och zu Lëtzebuerg vertrëtt, mécht do keng Ausnam. Mee dofir ass jo nach laang net alles falsch wat e seet. Marokko ass stabel a sécher, an de Maroc ass dat eenzegt Land südlech vum Mëttelmier, dat esou eppes vu sech behaapte kann.

"Ça ne veut pas dire: un pays qui ne bouge pas. C'est un pays en mouvement, où les gens manifestent, protestent, contestent. Mais dans un cardre de calme et de stabilité."

Véier Deeg ier d'Lëtzebuerger Wirtschaftsdelegatioun sech op d'Rees gemaach huet, war den Ambassadeur op Lëtzebuerg komm fir eng Presentatioun vu sengem Heemechtsland. Hien huet erkläert, firwat Marokko als eenzegt Land an der Regioun ugangs vun dësem Joerzéngt keen arabescht Fréijoer erlieft huet. Esou eng Revolutioun mat Masseprotester wier a sengem Land net néideg gewiescht. Hien huet historesch, geografesch, kulturell a politesch Ursaache fir déi "exception marocaine" opgezielt an ëmmer erëm op dee Mann verwisen, deem senge Visiounen d'Land all dat gutt ze verdanken hätt. De Kinnek Mohammed de Sechsten, deen virun exakt 20 Joer den Troun vu sengem Papp Hassan dem Zweeten iwwerholl huet. Dësen hätt séier verschidde Reforme viru gedriwwen, ënner anerem an de Beräicher Mënscherechter, der Wirtschaft, dem "développement humain" an am Beräich vun der "Weltoppenheet".

Marokko als "interessant" Entrée op den afrikanesche Marché

Nëmmen e puer Kilometer leien tëscht Marokko a Spuenien, tëscht dem südlechste Wupp vun der Europäescher Unioun an dem nërdlechsten Deel vum afrikanesche Kontinent. "Mir negligéieren oft Afrika", seet de Luc Frieden, fir deen et déi éischt Auslandsmissioun als President vun der Chambre de Commerce ass

"Mir kucken an Europa, fir vill Betriber ass dat deen natierleche Marché. Mee Afrika bitt ganz vill Potential, dofir mierke mir och, datt zum Beispill d'Chinese sech ganz staark fir Afrika interesséieren. A mir koumen zur Conclusioun, datt Marokko kéint eng interessant Entrée fir Afrika ginn".

D'Land ass virun allem interessant wéinst der geographescher Proximitéit, der scho genannter Stabilitéit, a bestëmmt och e bësse wéinst dem Franséischen, dat déi zweet Sprooch am Land ass. Marokko ass awer och selwer als Marché net oninteressant, soss hätte sech wuel kaum 50 Lëtzebuerger Entreprisë fir d'Rees ugemellt. Ma och fir eenzel staatlech Servicer an d'Chambre de Commerce selwer bidde sech eng Rei Opportunitéiten, well Marokko sech ganz staark an der Digitalisatioun entwéckelt huet a weider entwéckele wëll.

Schwéierpunkten Digitaliséierung, Formatioun a Logistik

Dofir géif op dëser Wirtschaftsmissioun och en Accord tëscht dem Maroc an der Digitaliséierungsagence vun der Chambre de Commerce ënnerschriwwen "fir géijesäiteg vuneneen ze léieren, Formatioun unzebidden, déi d'Chambre de Commerce zu Lëtzebuerg scho mécht, seet de Luc Friden. Mee och d'Logistik ass fir eng Rei Lëtzebuerger Entreprisen interessant. "An dofir gi mir jo och op Tanger, wat jo och ee, wann net dee modernsten Hafen a punkto Logistik vum afrikanesche Kontinent ass".

Dat ass e Mëttwoch, um leschten Dag vun der Missioun. Do virdru si Presentatiounen, Seminairen a Forumen zu Casablanca, där gréisster marokkanescher Stad, mat 3,5 Milliounen Awunner. Fir den Ufank haut sinn eng Rei politesch Rendezvousen an der Haaptstad Rabat.