Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Quadratur Des Kreisels

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Deprez nei UGDA-Presidentin

Musek

Martine Deprez nei UGDA-Presidentin

Wéinst engem Sträit tëscht de Membere vum Exekutivbüro vun der UGDA, gouf de 29. Oktober op engem ausseruerdentleche Kongress vum Daachverband vun de lëtzebuerger Museks-Associatiounen en neien Exekutivbüro gewielt. D’Martine Deprez ass nei Presidentin. De Generalsekretär Jeannot Clement, deen am Mëttelpunkt vum Sträit stoung, ass ofgewielt ginn.

auto_stories

2 min

“Et war en emotionale Kongress”, esou de Guy Engels vum Radio 100,7, dee gëschter am Centre Barblé zu Stroossen dobäi war. No intensiven Diskussioune gouf d’Martine Deprez als nei Presidentin vun der UGDA (Union Grand-Duc Adolphe) gewielt. Weider Memberen am Interim-Exekutivbüro sinn de Robert Mamer (1. Vizepresident), de Gilbert Girsch (2. Vizepresident), de Robert Köller (Generalsekretär) an den André Heinen (Trésorier). Véier vu fënnef Memberen, déi virun engem Mount demissionéiert haten, sinn also op e neits dobäi, mat Ausnam vum President vu bis elo, de Louis Karmeyer.

Den neien Exekutivbüro ass bis en uerdentleche Kongress am Februar 2016 am Amt. “Ech denken, datt mer elo gutt opgestallt sinn”, esou d’Martine Deprez. De neie Bureau krut méi wéi 100 Stëmme vun 136.

Di nei Presidentin, Martine Deprez – Joergang 1969 – war tëscht 2008 an 2012 UGDA-Generalsekretärin. Si  ass Enseignant a Member vum Staatsrot fir d’CSV.

Perséinlech Rancunen

De Jeannot Clement ass also géint säi Wellen net méi Member am Exekutivbüro. Duerch hie war de Sträit an der UGDA ausgeléist ginn. D’Akzenter, déi hie wollt setzen, seng Management-Methoden als Generalsekretär, ware bei de véier anere Membere vum Büro net gutt ukomm.

Eens war ee sech um ausseruerdentleche Kongress, datt d’Statute vun der UGDA musse iwwerkuckt ginn. “Wéi kréie mer méi séier Réckmeldunge vum Terrain, wéi komme mir méi séier un d’Leit um Terrain? Eng Federatioun ass eng Institutioun, déi vun all hire Membere lieft”, esou d’Martine Deprez.