Radioen

On air

De Weekend  |  Van Morrison - Brown Eyed Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Atomkraaft géint de Klimawandel

EU-KLIMASCHUTZ

Mat Atomkraaft géint de Klimawandel

D'Europaparlament rifft de Klima-Noutstand aus a fënnt, datt Atomstroum eng vun de Mesurë kéint sinn, fir aus der Kris erauszekommen. Ganz kritesch par rapport zu där Iddi sinn ënner den EU-Memberlänner den Ament just Éisträich a Lëtzebuerg. Den Drock op déi zwee Länner wiisst.

auto_stories

4 min

D'Europaparlament huet déi lescht Woch Alarm geschloen. Den Etat d'urgence fir de Klima an d 'Ëmwelt gouf mat grousser Majoritéit ausgeruff. Een Deel vum Auswee aus der Kris, kéint d'Atomkraaft bréngen, dovu sinn eng Partie Europadeputéiert iwwerzeegt.

Klimaziler erreechen, dank Atomstroum

Et muss een all Energiequell notzen, déi keen CO2 produzéiert, sot zum Beispill de Fransous François Xavier Bellamy vu les "Républicains". A genee sou gouf et dono an enger Resolutioun vum Europaparlament festgehalen. "Well Atomenergie keng Zäregaser produzéiert, ka si eng Roll spillen, wann et dorëms geet d'Klimaziler ze erreechen, heescht et am Text. Et gëtt och ee Verweis op den Offall gemaach an dorop datt een hei déi technesch Fortschrëtter notze muss.

Dofir zoustänneg, d'Fuerschung an deem Beräich virunzedreiwen, ass den Euratom-Programm, deen den Ament op EU-Niveau ausgeschafft gëtt.

Just zwee vun 28 EU-Länner dogéint

Tëscht 2012 an 205 sollen 1,6 Milliarden Euro an d'Fuerschung iwwer nuklear Sécherheet gestach ginn. Zwee Länner blockéieren dee Programm awer. Fir Lëtzebuerg an Éisträich däerf den Euratom-Programm net mat Klimaziler a Verbindung bruecht ginn, sou e Freideg déi éisträichesch Fuerschungsministerin Iris Rauskala op der Reunioun vun den zoustännege Ministeren zu Bréissel. "Wir lehnen jegliche Querverweise zwischen Atomenergie und den Klimazielen der Energiewende in Europa ab."

Éisträich a Lëtzebuerg si scho laang op deem Standpunkt, si goufen deels vun Däitschland, wat jo den Atomausstieg decidéiert huet, ënnerstëtzt. Elo sti si awer zimmlech eleng do. Dat ass net einfach, gëtt d'Iris Rauskala zou.

De Claude Meisch, dee fir Lëtzebuerg bei de Gespréicher dobäi war, schwätzt am 100Komma7-Interview zwar vun enger "professionneller a sachlecher Ambiance". Hie seet awer och, datt een den Drock gespuert hätt.

Frankräich mécht Drock

Fir de gréngen Energieminister Claude Turmes ass probéiert ginn, "Chantage ze maachen, fir datt Lëtzebuerg ëmfält",

"Do waren der déi lescht Deeg um Telefon, fir all méiglech Leit an eiser Regierung ze beaarbechten, fir dat mer solle noginn", sou de Claude Turmes op enger Pressekonferenz zu Lëtzebuerg.

D'Lëtzebuerger Regierung wier sech hei eens, verséchert iwwerdeems den DP-Minister Meisch. Et hätt een am Regierungsrot Fest geluecht, wéi d'Marschrichtung wier.

Informatiounen deenen no de franséische President perséinlech beim Lëtzebuerger Premier agewierkt, hätt, wollt de Claude Meisch net confirméieren. Béid Länner hätte gutt Relatiounen, mee dat "heescht och, datt een ënnerschiddlech Positioune respektéiert".

Onëmstridden ass, datt Frankräich ee vun deene Länner ass, déi d'Atomkraaft gäre géifen an aneren europäeschen Texter als méiglech Klimaschutzmesure etabléiere géifen.

Paräis setzt sech och dofir an, datt Atomenergie a gréng Fongen integréiert gëtt, reegt sech de Claude Turmes op. Domat géif een déi ganz Iddi vu grénge Fongen zerstéieren. "Mir probéieren, eng breet Allianz dogéint ze maache mat Éisträich mat Däitschland, mat Dänemark mat Irland."

Kompromëss nach net um Dësch

Déi Allianz huet sech awer am Fall vum Euratom-Programm op zwee Länner reduzéiert. Däitschland hat ee Kompromëss proposéiert, deen eis virläit an an deem d'Atomenergie explizitt als laangfristeg Kontributioun fir ee Klima neutralen Energie System ugesi gëtt.

Wéi geet elo virun? Finnland gëtt am Januar d'Presidence vun der EU u Kroatie virun.

"D'Memberlänner si sech hei net eens, d'Gespréicher mussen um politeschen Niveau wärend de nächste Presidence viru gefouert ginn", sou d'Katri KULMUNI, finnesch Wirtschaftsminister dee leschte Freideg zu Bréissel.

Och de Claude Meisch wëll mat deenen anere Länner virun diskutéieren. "Fir d'alleréischt well ech och do mol héieren, dat se bereet sinn, hir Positioun opzeginn, fir ee klore Lien ze maachen, tëscht der Atomenergie an dem Klimaschutz."

Dee Lien kéint awer net nëmmen an de scho genannte Resolutioune vum Europaparlament gemaach ginn.

Och an den Diskussioune ronderëm de laangfristegen EU Budget oder awer dem sou genannten "Green Deal" - engem Aktiounsplang géint de Klimawandel - kéint d'Atomkraaft als Klimaschutzmesure opdauchen.

Déi nächst Woch wëllt d'Kommissioun déi grouss Linne vun deem Plang virstellen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.