Déi Ugeklote kritt absichtlech Kierperverletzung u Kanner ënner 14 Joer reprochéiert, an d'Privatioun vun Iessen a Versuergung. Op deene Chargë stinn an dësem Fall bis zu zéng Joer Prisong. Ob et zu engem Prozess kënnt, ass domat nach net decidéiert. D'Enquête vun der Justiz leeft nach. An der Crèche "Léiwe Léiw" zu Bous waren eng 20 Kanner ageschriwwen, wéi de Parquet eng Enquête géint d'Crèche opgemaach huet. D'Wuelbefanne vun de Kanner wier méiglecherweis a Fro gestallt, hat et geheescht. Den Educatiounsministère hat der Crèche direkt am Oktober zejoert den Agreement entzunn.
Méi Detailer zum Thema héiert Dir e Freideg, 20. Juli um 06:20 an 08:20 op der Antenn vum radio 100,7.