Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Matthieu Osch selektionéiert

Olympesch Spiller zu Pyeongchang

Matthieu Osch selektionéiert

Ëm eng Medail wäert hien net fueren, hie wéilt sech awer mental weiderentwéckelen, seet de Matthieu Osch am 100,7-Interview. Et wier déi richteg Entscheedung gewiescht, fir an Éisträich wunnen ze goen. Déi physesch Form géing am Training lo an de Fokus réckelen. D'Virbereedung mécht hien an Éisträich an eventuell a Slowenien.

auto_stories

4 min

Dir sidd vum C.O.S.L fir d'Olympesch Spiller nominéiert ginn, wat ass är éischt Reaktioun?

Ech si sécher mol zefridden, well ech d'Zil, op dat ech zënter Joren hischaffen, elo erreecht hunn. Meng Elteren a meng ganz Famill sinn och immens frou, datt mir dat, u sech, all zesummen erreecht hunn.

Dir waart deen eenzege Sportler, dee fir eng Selektioun a Fro komm ass, war dat fir Iech eng Iwwerraschung oder hat der domat gerechent, vu datt Dir d'Standarden erfëllt hutt, fir matzegoen?

Ech war net richteg iwwer aner Coureuren informéiert. Ech wousst, datt de Kary Peters am Laanglaf vun enger laanger Verletzung zréckkënnt. Dat ass fir e Sportler ëmmer schwéier. Ech hunn am Summer d'Critèrë gepackt, an dofir wousst ech och, datt meng Chancë relativ gutt géife stoen. An elo war ech och deen eenzegen, deen a Fro komm ass.

Lo bleift net méi all ze vill Zäit bis d'Kompetitioun, wat maacht Dir bis dohinner? Wéi bereet Dir Iech vir?

Den Training ass elo am Fokus, fir datt ech a menger beschter Form kann dohi goen. Wahrscheinlech wäert ech och nach puer Coursse maachen, fir ze kucken, datt ech meng Punkten e bëssen erofkréien. Ech wäert och probéieren am physesche Beräich meng Form ze halen.

Kéint Dir Är Preparatioun e bësse méi am Detail erklären?

Dëse Weekend ginn ech bei der Landesmeeschterschaft un den Depart. Dono wäert ech wahrscheinlech eng Woch trainéieren an da vläicht an Éisträich, Slowenien oder hei an der Géigend e puer Coursse fueren. De Schitraining ass och ëmmer hei an der Géigend, do trainéiere mir och zu Hinterreit oder Leogang. An dëse Schigebidder trainéieren ech da fir de Slalom a Riseslalom. Am physesche Beräich wäerte mir den Accent op d'Schnellegkeet setzen, esou datt ech relativ sprëtzeg bleiwen. Mä ech wäert och weider un der Kierperspannung schaffen an un der Recuperatioun, fir bäi all Training an all Course voll leeschtungsfäeg ze sinn.

Wat sinn Är Ambitioune fir d'Olympesch Spiller a Südkorea, hutt Dir Iech do en Zil gesat?

Ech wäert natierlech kloer mäi Bescht ginn, fir dat Bescht Resultat z'erreechen, dat ech op mengem Niveau kann erreechen. Et ass awer schwéier elo e kloert Zil ze soen. Sécher ass, datt ech net ëm eng Medail fuere wäert. Wéi staark d'Konkurrenz ass, kann ech net genee soen, well ech nach ni bei sou engem groussen Event dobäi war.

Dir kommt aus enger richteger Schisport-Dynastie. Wéi eng Tipps krut Dir vu Familljememberen, déi Iech weiderbruecht hunn?

A menger Famill war zwar nach keen, deen et gepackt huet, fir bei den Olympesche Spiller matzemaachen, obwuel mäi Papp, mäi Brudder a mäi Pätter op verschiddene Weltmeeschterschafte matgemaach hunn. Et war nach keen aus menger Famill, dee sech decidéiert huet, fir an d'Bierger wunnen ze goen a sech komplett op d'Schifueren ze konzentréieren a gläichzäiteg d'Schoul net ze vernoléissegen. Dee Choix hunn ech d'lescht Joer gemaach, an ech mengen, dee reegelméissegen Training an Éisträich huet mir och immens vill bruecht.

Ganz wichteg ass zum Beispill, datt mäi Papp a jonkem Alter mam Marc Girardelli trainéiert huet. Och wann haut Verschiddenes anescht ass, wéi zum Beispill d'Material oder d'Tracéen. Ech mengen, mäi Papp huet an deem Milieu awer vill geléiert, wat de mentalen Aspekt ugeet. Mir inspiréieren eis un der Schiweltspëtzt. Déi Erfarung, déi mäi Brudder a mäi Pätter gemaacht hu bei Weltmeeschterschaften, motivéiere mech och, fir déi Familljentraditioun virun ze féieren an ëmmer méi wäit wëllen ze goen.

Dir maacht dee Sport als Amateur, besteet d'Méiglechkeet, op ärem Niveau dovun ze liewen?

Am Schisport ass dat extrem schwéier, wann et gutt geet, kann d'Top-30 op der Welt Suen domat verdéngen. Mä fir an déi Top-30 ze kommen, muss een en extrem gudden Niveau hunn a ganz niddreg Punkten hunn. Wann een op mengem Niveau ass, dann ass et nach net méiglech, fir duerch Sponsore Suen ze verdéngen.

Mengt Dir, datt d'Participatioun bei den Olympesche Spiller d'Sprangbriet kéint sinn, fir do ze progresséieren, ass dat e realistescht Zil?

Kloer, ech wëll elo meng Limitten ausreizen a kucken, bis wouhin ech ka goen. Dofir wollt ech d'nächst Joer och nach weider maachen. D'Olympesch Spiller wäerten eng immens grouss Erfarung fir mech sinn a vläicht och eppes, wat sech op meng mental Astellung kéint auswierken an d'Freed beim Schifueren ëmmer méi grouss mécht.

Kennt Dir schonn de geneeën Datum, wéini Ären Optrëtt ass?

Ech mengen, mir fléien de fënnefte Februar dohinner an d'Erëffnungszeremonie ass den néngte Februar. Do wäert ech wahrscheinlech present sinn.

Här Osch, Merci fir d'Gespréich.

Interview lauschterenplay_arrow