Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Me François Prum ass dofir, datt Parquet Dossier iwwerhëlt

Causa Dieschbourg

Me François Prum ass dofir, datt Parquet Dossier iwwerhëlt

Den Affekot vun der fréierer Ëmweltministesch Carole Dieschbourg betount, senger Mandantin géifen déi selwecht Rechter zoustoen, déi all Bierger an engem moderne Rechtsstaat zegutt huet. De Maître François Prüm äussert sech am 100,7-Interview eng éischte Kéier ëffentlech iwwer d'Affär ronderëm d'Carole Dieschbourg.

auto_stories

2 min

De Me François Prum weist sech skeptesch, datt der Carole Dieschbourg hir Rechter respektéiert ginn, wann d'Carole Dieschbourg vun den Deputéiert an der Chamber ugeklot gëtt.

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow

Hie seet aus der Siicht vun der Defense géif et him "Angscht" maachen, datt d'Chamber seng Mandantin kéint ukloen, an domat d'Roll vum Parquet iwwerhuelen.

D'Membere vum Parquet wieren "héichspezialiséiert, am Droit, dee se applizéieren", esou de François Prum. D'Deputéiert an der Chamber wieren dat awer net.

Keng aktuell, mee fréier Ministesch

Den Affekot vun der fréierer Ëmweltministesch géif et dofir begréissen, wann de Parquet den Dossier nees géif iwwerhuelen. Hien ass der Meenung, d'Chamber hätt d'Méiglechkeet dat esou ze decidéieren, an dat kéint keen hir falsch maachen.

D'Decisioun, wéi et am Dossier ronderëm d'Carole Dieschbourg virugeet, läit den Ament bei der Chamber. D'Verfassung gesäit nämlech vir, datt just d'Deputéiert an der Chamber Regierungsmembere kënnen ukloen.

De Maître Prum ass allerdéngs der Meenung, d'Deputéiert kéinten déi Responsabilitéit an dësem Fall duerchaus un de Parquet oftrieden, well net net ëm eng aktuell, mee ëm eng fréier Ministesch geet.

Carole Dieschbourg wousst viru Chamber Bescheed: "Kee Prozedurfeeler"

Dem François Prum seng éischt ëffentlech Aussoen iwwer d'Affär kommen een Dag, nodeems sech erausgestallt huet, datt d'Carole Dieschbourg scho virun den zoustännegen Deputéierten an der Chamber driwwer Bescheed wosst, datt deemnächst géif decidéiert ginn, wéi et an dësem Dossier viru geet.

De Maître Prum gesäit dora kee Prozedurfeeler, deen der Madamm Dieschbourg e Virdeel verschaaft hätt.

Hien ënnersträicht och, seng Defense wier zwar net drop aus fir op Prozedurfeeler "ze laueren", déi dozou féiere kéinten, datt den Dossier klasséiert gëtt. An awer géif een drop pochen, datt alles korrekt ofleeft:

"Mir wäerten definitiv all Prozedurfeeler analyséieren, a wann et der vun der Natur sinn, datt eis Rechter maltraitéiert gi sinn. Dann ass d'Saach ganz kloer, datt et eventuell e Fall ass fir méi wäit. An domat mengen ech natierlech d'Cour des Droits de l'Homme. Mir mussen natierlech op déi Saachen do schaarf sinn."

Zanter iwwer zwou Woche gëtt driwwer diskutéiert, ob d'Chamber oder de Parquet dofir responsabel sinn e fréiere Regierungsmember ze poursuivéieren. Eng kloer Äntwert gëtt et weiderhin net.