Krank an aarm Ëmmer méi Leit kënne sech Gesondheet net leeschten

Déi medezinesch Betreiung vu Leit ouni fest Adress ass besonnesch elo am Wanter wichteg. Fir vill Leit ass awer eng regulär Consultatioun beim Dokter net méiglech, well se kee festen Daach iwwert dem Kapp hunn, net krankeverséchert sinn oder keng Openthalts-Erlaabnis hei am Land hunn. Wéi kréien dës Leit gehollef?

Andy Eagle, md

Besonnesch Sans abrise kënnen sech keng korrekt Soine leeschten
Foto: Bigstock/NoNamePhotography

“All Dag gëtt eis Hëllef méi gebraucht, dowéinst hu mer mëttlerweil all Dag an der Woch Permanence”, esou d’Sylvie Martin vu Médecins du Monde. Zu Bouneweg kréien d’Sans-Abrisen a Leit ouni Suen, vu Méindes bis Freides eng medezinesch Betreiung offréiert. Zu Esch gëtt et dëse Service all Donneschdeg. Ouni déi 70 Fräiwëlleg wier déi vill Aarbecht awer net ze meeschteren, betount d’Sylvie Martin. D’Equipe besteet aus Dokteren, Infirmieren, Psychologen, mä och aus Iwwersetzer.

Et wier eng Realitéit, datt vill Leit keen Accès zu medezinescher Betreiung hätten, esou d’Chargée vun der Direktioun vun der ONG Médecins du Monde. “Vill Leit hu keng Pabeieren, kënne keng Sue virstrecke fir d’Soinen ze bezuelen oder sinn einfach net genuch informéiert iwwert d’Mesuren, déi et gëtt. Net jiddereen huet eng CNS-Kaart”, erkläert d’Sylvie Martin.

Bei eisem Besuch zu Bouneweg, op engem Owend Ufank Dezember, war d’Stëmmung an der Salle d’Attente gemëscht: siwe Patiente sinn noeneen opgedaucht. Si hu sech bei enger Taass Téi opgewiermt a si hunn op hiren Tour gewaart. Op dësem Dag waren et manner Patiente wéi soss. An der Regel sinn et eng gutt 15 Leit pro Dag, esou déi Responsabel vu Médecins du Monde. Dat louch wahrscheinlech un der Wanteraktioun, déi vum Roude Kräiz an der Caritas an der Zesummenaarbecht mam Familljen- an Integratiouns-Ministère organiséiert gëtt. Och do sinn zweemol d’Woch Dokteren an Infirmieren op der Plaz.

"Iwwerall wéi well se dobaussen um haarde Buedem schlofen"

Bei der medezinescher Betreiung vu Médecins du Monde ware verschidde Patienten nervös, well si d’Navette wollten huelen, fir um Findel am Nuets-Foyer kënnen ze schlofen. Wéi eng medezinesch Traitementer ginn am meeschte gefrot? “Fir d’Zännbehandlunge gëtt et schonn eng méi laang Waardelëscht. Duerno Problemer mat de Gelenker: well se eben dobausse sinn an um haarde Buedem schlofen hu se iwwerall wéi”. Am Wanter wieren et haaptsächlech Erkältungen, déi kéinten a méi schlëmm Infektiounen degeneréieren. Déi Leit missten da vläicht an d’Spidol gefouert ginn, sou d’Doktesch Alexia Maack.

Wéi wichteg d’Aarbecht vun der Associatioun Médecins du Monde hei am Land ass, dat weisen d’Zuelen. 2015 ware ronn 200 Persoune beim Service fir eng medezinesch Betreiung. Dëst Joer ass d’Zuel op bis elo schonn iwwer 600 Persoune geklommen. Zënter dem éischte Januar goufen ongeféier 1.200 Behandlunge gemaach, sou d’Sylvie Martin, d’Chargée vun der Direktioun vun der ONG Médecins du Monde. “Déi sozial Precaritéit zu Lëtzebuerg klëmmt. Et ass kloer, datt ëmmer méi Leit finanziell Schwieregkeete wäerten hu fir Zougank zu Gesondheetsfleeg ze kréien”, erkläert d’Sylvie Martin.

"Ech kann net all d'Tester maache fir mech ofzesécheren"

D’Aarbecht bei Médecins du Monde wier net ëmmer einfach, fënnt d’Doktesch Alexia Maack. “Ech kann net all d’Tester maache fir mech ofzesécheren. Ech muss dann haaptsächlech op klinesch Symptomer agoen. Wa wierklech en décken Zweiwel ass, da muss ech bei den Urgencë méi Exame froen”.

An d’Gratis-Consultatioune komme vill Leit, déi keng vun den dräi offizielle Landessprooche schwätzen. An da misst mat Iwwersetzer geschafft ginn, wat méi Zäit ewech géif huelen, sou d’Hausdoktesch vun Déifferdeng Alexia Maack, déi sech och fräiwëlleg bei Médecins du Monde engagéiert.

D'Urgence muss all Patient unhuelen

D’Kritik vu Médecins du Monde wier richteg, gëtt de Chef-Dokter aus dem Gesondheetsministère Robert Goerens zou. Net all Mënsch hätt déi néideg Suen an Accès zu enger regulärer Visite beim Dokter. Bei enger Urgence misst d’Spidol awer all Patient unhuelen, sou den Dokter Robert Goerens.

Dës Käschten dréit dann d’Spidol selwer, mä deemno wéi iwwerhëlt de Gesondheetsministère oder eng Kees och een Deel, erkläert de Robert Goerens, Chefdokter vun der Santé. Obwuel et ee grousse Besoin géing ginn, wier déi medezinesch Betreiung bei klenge Problematike geséchert, betount den Dokter Robert Goerens: duerch d’Stëmm vun der Strooss, d’Croix Rouge, Caritas an duerch Médecins du Monde. Et géing awer vill méi schwiereg gi wann d’Leit méi al ginn a chronesch Krankheeten hunn, wéi héije Bluttdrock oder Diabetes. “Do ass natierlech d’prise en charge vill méi schwéier ouni sécurité sociale, fir da reegelméisseg un d’Medikamenter ze kommen.”

De Wonsch vun der Betreiung fir all Mënsch

Bei Médecins du Monde wënscht ee sech een universellen Accès op medezinesch Betreiung, dat heescht eng Betreiung fir all Mënsch. Esou laang dat net de Fall wier, wier et wichteg, datt déi verschidden Acteuren an Associatiounen zesumme schaffen, esou d’Sylvie Martin vu Médecins du Monde. Nëmmen esou kéint een de Leit dobaussen och richteg hëllefen. Esou probéiert d’ONG, an Zesummenaarbecht mat Sozialaarbechter, betraffe Leit rëm an de Sozialsystem z’integréieren.

Den Zweck vun de Médecins du Monde wier et nämlech net een alternative Gesondheetssystem ze schafen, dee fir Leit mat manner finanzielle Mëttel reservéiert wier. Ënnerstëtzt a finanzéiert gëtt d’ONG haaptsächlech duerch Donen an d’Aarbecht vu Fräiwëllegen, mä och de Gesondheetsministère ënnerstëtzt d’Associatioun.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Den Anghel lieft zënter fënnef Méint op der Strooss
Liewen op der Strooss

An der Stad ginn et zwou nei Strukturen, wou Sans-Abrisë sech den Dag iwwer kënnen ophalen. Dat Besonnescht un dëse Projete sinn déi liberal Konditiounen. Alkohol ass erlaabt, an och Hënn si wëllkomm.

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen