Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Problemer beim Ëmsetze vum Medezinesche Cannabis

Medezinesche Cannabis

Problemer beim Ëmsetze vum Medezinesche Cannabis

De Lancement vum medezinesche Cannabis war net gutt genuch preparéiert, seet de Grégory Gaudillot. Am 100,7-Interview erkläert de President vun der Associatioun vun de Spidolsapdikte wéi eng Problemer et beim Pilotprojet ginn.

auto_stories

2 min

Well de Gesondheetsministère eng falsch Aschätzung gemaach huet, gëtt et den Ament eng Rupture de Stock vum Medezinesche Cannabis hei am Land. Dem Grégory Gaudillot no wier am Virfeld net genuch mat de Concernéierten um Terrain diskutéiert gi fir déi bescht méiglech Estimatioun ze maachen.

Hien nennt generell d'Dokteren an d'Patientevertriedung als Acteuren, déi net genuch consultéiert gi wieren. "Et schéngt, wéi wann de Lancement vum Medezinesche Cannabis e bësse séier gaange wier a wéi wann de Pilotprojet am Virfeld net genuch preparéiert gi wier", sou de Grégory Gaudillot.

Den Ament kënne just déi véier Spidolsapdikten am Land de Medezinesche Cannabis verdreiwen. Zweemol hätt d'Associatioun sech mëttlerweil mam Gesondheetsministère getraff fir iwwer Verbesserungspropose beim Pilotprojet ze diskutéieren.

25 Prozent méi Moyenen

D'Spidolsapdikte kéinte just fonctionnéieren, wa se déi néideg Moyenen hätten. Et misst een aktuell méi Patiente betreien, wéi eigentlech virgesinn. "Mir hunn ausgerechent, datt mir jee no Patient 30 bis 60 Minutte brauche fir de medezinesche Cannabis ze ginn. Mir hu gefrot fir 25 Prozent méi Moyenen an all den Etablissementer ze kréien", sou de Grégory Gaudillot.

Dobäi kéim, datt déi dräi Indikatiounen, déi am Gesetz virgesi si fir medezinesche Cannabis ze kréien an och d'Ordonnance mat där den Dokter de Medezinesche Cannabis verschreift, ze vill Interpretatiounsspillraum géife loossen.

Stock soll sech nees normaliséieren

Den Dokter hätt beim Ausfëlle vun den Ordonnancen eng gewëss Fräiheet, hie wier net doru gebonnen eng vun den dräi gëltegen Indikatiounen unzekräizen, déi d'Gesetz géif virgesinn, kritiséiert de Grégory Gaudillot. Dat misst senger Meenung no geännert ginn, "well den Apdikter ass net do fir dem Dokter seng Indikatioun ze jugéieren".

Dem President vun der Associatioun vun de Spidolsapdikten no géifen nach vill Froen op bleiwen

De Gesondheetsministère hätt der Associatioun vun de Spidolsapdikten awer verséchert, datt de Stock vum Medezinesche Cannabis sech bis Enn vum Summer nees géif normaliséieren.