Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mediepluralismus net garantéiert

Europäesch Etude

Mediepluralismus net garantéiert

Lëtzebuerg gehéiert zu deenen EU-Länner, déi dem Risiko vun enger staarker Maart-Konzentratioun am Mediesecteur ausgesat sinn. An enger Etude vum europäeschen Universitéits-Institut gëtt ee schwaacht Konkurrenzrecht als eng vun den Erklärunge genannt. Et feelt de politesche Wëllen fir de Pluralismus gesetzlech ze stäerken, mengt d'Pia Oppel.

auto_stories

4 min

Fënnef vun 19 europäesche Länner hätten een héiche Risiko vu Maart-Konzentratioun am Mediesecteur, sou d'Etude vum Zentrum fir Mediepluralismus (©monitor.cmpf.eui.eu)

19 EU-Memberstaaten huet den "Zentrum fir Mediepluralismus a Mediefräiheet" vum Universitéits-Institut zu Florenz a sengem Mediepluralismus-Monitor 2015 ënner d'Lupp geholl. An de Beräicher Meenungsfräiheet an Onofhängegkeet vun der Politik schneiden déi meescht Länner gutt of. Opfalend negativ sinn d'Resultater a ville Länner bei der Pluralitéit vum Medie-Marché.

D'Chercheuren hunn zwee Haapt-Critèren analyséiert: D'Transparenz vun de Besëtzverhältnisser am Mediesecteur an déi effektiv Konzentratioun vum Maart. Hir Conclusioun: Ëmmer manner Acteure géife sech an den analyséierte Länner de Maart vu Telé, Radio, Zeitungen an Online-Contenu deelen. A fënnef Länner, dorënner nieft Lëtzebuerg och Polen a Spuenien, sinn d'Mediesecteuren der Etude no am Stäerkste konzentréiert.

Pluralismus och a klenge Länner méiglech

Datt Lëtzebuerg d'Negativlëscht mat uféiert, hätt net onbedéngt eppes mat der Gréisst vum Land ze dinn. Intuitiv kéint ee mengen, datt op engem klenge Marché net vill Plaz ass fir eng Multitude vu Medienofferen. Dogéint schwätzt awer, datt grad kleng Länner wéi Malta, Kroatien a Slowenien der Etude no a Saache Pluralismus am Beschten ofschneiden.

Als ee wichtege Facteur fir dat Lëtzebuerger Resultat, gi Schwaachpunkten am Konkurrenzrecht genannt. De Lëtzebuerger Konkurrenzrot kontrolléiert Fusiounen nom Critère vun der dominanter Maartpositioun, spezifesch Regele fir de Mediesecteur ginn et awer keng, sou de Constat. An déi onofhängeg Autoritéit ALIA géif de Secteur vun den audiovisuelle Medien zwar iwwerwaachen, fir hir Aarbecht géif et awer net just u Personal, mee och un engem legale Kader feelen, op deen d’ALIA sech kéint bezéien, fir d'Problematik vun der Maart-Konzentratioun ze beuerteelen.

Konkurrenzrecht net adaptéiert

Iwwerdeems géif et keng Reegele ginn, fir eng medieniwwergräifend Konzentratioun ze kontrolléieren. Effektiv sinn déi grouss Mediegruppen Editpress, Saint-Paul an RTL dacks a ville Medie present: Vun Zeitung, Radio, Telé bis Internet. Kuckt een d’Medien eenzel, ass d’Konzentratioun am Radioberäich am Stäerksten.

Et feelen zu Lëtzebuerg onofhängeg a kritesch Rapporten iwwer déi national Mediegesetzgebung, stellen d'Chercheure fest. Do misst nogebessert ginn, sou hir Recommandatioun. Ee weidere Virschlag ass och aus Perspektiv vum radio 100,7 interessant: D'Bedeitung vum ëffentlech-rechtleche Service misst gekläert ginn, an esou ee Service misst a méi Sproochen ugebuede ginn. Op d'mannst an den dräi offizielle Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.

Am EU-Bannemaart gëtt et nach keng Regulatioun am Beräich vun der Mediekonzentratioun. Datt et op europäeschem Niveau kee spezifescht Konkurrenzrecht fir de Mediesecteur gëtt, kënnt dem Pluralismus vun der Lëtzebuerger Medielandschaft an engem gewësse Sënn awer entgéint. An dat gëtt an der Etude net erwähnt: Méi strikt Wettbewerbsregele kéinten nämlech der staatlecher Pressehëllef am Wee stoen. Dës Hëllef kann awer ee Garant sinn, fir de Mediepluralismus an engem klenge Marché. Virausgesat natierlech et gi Regelen, déi dëse Pluralismus och wierklech förderen.