Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nicool - Stolz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Deklaratiounen aus de Beräicher Blanchiment an Terrorismus

Parquet

Méi Deklaratiounen aus de Beräicher Blanchiment an Terrorismus

D'Cellule de Renseignement Financier, kuerz CRF, krut d'lescht Joer bal 179 Prozent méi verdächteg Operatioune gemellt. Dat geet aus dem Joresrapport vun 2016 ervir. An absoluten Zuelen ass dat eng Hausse vu bal 20.000 Virfäll am Verglach mat 2015. Dee gréissten Deel dovunner wéinst dem Verdacht op Wäisswäsche vu Suen.

auto_stories

2 min

Euro-Schäiner un der Wäschléngt

Esou eng spektakulär Hausse vun Deklaratioune wier net iwwerraschend, seet den éischte Substitut vun der Cellule de Renseignement Financier, Michel Turk. D'Zuel vun den Deklaratioune géif kontinuéierlech an d'Luucht goen. Dat wier zu engem groussen Deel op een Acteur aus dem elektroneschen Handel zréckzeféieren.

Deen Operateur wier zu Lëtzebuerg etabléiert an an de 27 aneren EU-Länner aktiv. Dofir géif en all seng Deklaratiounen, déi d'EU betreffen, zu Lëtzebuerg maachen.

Méi Operatioune bedeite méi Deklaratiounen

D'Zuel vun den Operatiounen, déi iwwert déi elektronesch Plattform vun dësem Acteur géife gemaach ginn, géif an d'Luucht goen.

All dës Deklaratiounen iwwerpréiwe wier eng grouss Erausfuerderung fir d'CRF, heescht et am Rapport. Dofir hätt een e Programm benotzt, dee vum Büro vun de Vereente Natioune fir de Kampf géint Drogen a Verbriechen entwéckelt gouf. D'lescht Joer wier de Projet mam Titel "goAML" ëmgesat ginn. Zënter uganks dëst Joer wier en operationell.

Méi Meldunge wéinst Verdacht op Terrorismus

Och d'Meldunge vu Verdacht op Finanzéierung vun Terrorismus géifen zouhuelen, heescht et am Rapport. Am Ganze wieren an dësem Beräich d'lescht Joer 70 Deklaratiounen ënner d'Lupp geholl ginn, dorënner 24 aus dem Ausland. Dobäi koumen Demandë fir eng Zesummenaarbecht vun aneren Autoritéiten.

Duerch d'Aktualitéit wieren déi professionell Acteuren um Marché vill méi sensibiliséiert, esou de Michel Turk.

CRF schaaft weider Analysteposten

Fir all dës Dossieren ze traitéiere misst een Analyst vun der CRF vollzäit dorop schaffen. Beim Recrutementsplang, deen Enn dëst Joer wäert lancéiert ginn, géif een dat berécksiichtegen. Aktuell besteet d'Cellule de Renseignement Financier aus dräi Magistraten a fënnef Analysten.

Bei de Magistrate wieren néi Recrutementer versprach, seet den éischte Substitut vun der CRF. Dës Poste missten awer per Gesetz festgehale ginn. De Ball géif an dëser Fro den Ament beim zoustännege Ministère leien. D'Recrutementsprozedur fir dräi weider Analyste soll allerdéngs Enn des Jores ofgeschloss ginn, esou de Michel Turk.