Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Dessy Mesk - Chops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Doudesaffer am Mëttelmier wéi d'lescht Joer

Flüchtlingen

Méi Doudesaffer am Mëttelmier wéi d'lescht Joer

Et komme manner Flüchtlingen an Europa un. Trotzdem ass d'Zuel vun den Doudesaffer am Mëttelmier par Rapport zu 2015 geklomm. Iwwer 3.000 Flüchtlinge sinn zanter Ufank vum Joer gestuerwen.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Kay Nietfeld

Am éischte Semester 2016 si ronn 70.000 manner Flüchtlingen an Europa komm, wéi am selwechten Zäitraum 2015. Trotzdeem ass d'Zuel vun den Doudesaffer geklomm. Zanter Ufank vum Joer, wiere schonn 3.000 Mënschen am Mëttelmier erdronk, seet d'Florence Kim vun der Internationaler Organisatioun fir Migratioun.

Déi meescht Doudesaffer gouf et um zentrale Mëttelmier-Passage tëscht Nordafrika an Italien. Iwwer 2.700 Leit sinn dëst Joer op dëser Streck verschwonnen oder fir dout erkläert ginn.

Fir dëse Problem kënnen ze léisen, misst een dofir suergen datt d'Leit net méi op Schleiser ugewise wieren, fir an Europa ze kommen. Der Florence Kim no wier et wier et wichteg, datt d'Flüchlingen op legalem Wee awandere kéinten.

Auswierkunge vun Accord mat Tierkei

Virun allem duerch d'Ofkommes tëschent der Europäescher Unioun an der Tierkei sinn dëst Joer manner Migranten a Griicheland ukomm, wéi am éischte Semester 2015. Am Accord ass virgesinn, datt sougenannt "irregulär Migranten" nees an d'Tierkei zeréck geschéckt ginn. D'EU hëlt als Géigeleeschtung Mënschen op, déi en Usproch op de Flüchtlingsstatut hunn.

Tëscht Januar a Mäerz, ier den Accord a Kraaft getrueden ass, waren ëm déi 150.000 Leit iwwert d'Mëttelmier a Griicheland komm. An de Méint duerno si just nach eng 10.000 Leit komm. De Flux vu Migranten an Italien ass praktesch d'selwecht bliwwen wéi 2015. Dëst Joer si bis ewell ëm di 250.000 Flüchtlingen an Europa ukomm.

An der zweeter Halschent vum Joer 2015 waren aleng a Griicheland ëm di 780.000 Migranten iwwert d'Mëttelmier ukomm. Mat sou engem Flux rechent d'IOM dëst Joer net méi, seet d'Florence Kim. Eng konkret Prognos kéint een awer och net ginn, villes géif vun der Situatioun an de Migranten hiren Heemechtslänner ofhänken.