Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Jesus And Mary Chain - Head On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Engagement vun der Politik

Diskriminatioun

Méi Engagement vun der Politik

Den neie President vum Centre pour l'Egalité de Traitement fuerdert, datt d'Politik sech méi fir diskriminéiert Leit asetzt. De Patrick Hurst seet, de Lëtzebuerger CET hätt manner Méiglechkeete fir diskriminéiert Leit ze ënnerstëtzen, wéi ähnlech Zenteren an aneren EU-Länner.

auto_stories

3 min

De Patrick Hurst ass den neie President vum CET.

De Patrick Hurst fuerdert dofir, datt de Budget vum Centre pour l'Egalité gehéicht gëtt. Ausserdeem géif hie sech wënschen, datt de CET d'Méiglechkeet kritt selwer ze testen, ob Institutiounen an Entreprisen hei am Land Leit diskriminéieren, déi eng Behënnerung oder e Migratiounshannergrond hunn.

Diskriminatioun am Alldag

Leit mat enger Behënnerung géifen zu Lëtzebuerg nach ëmmer diskriminéiert ginn, esou de Patrick Hurst. Hien hat virdru selwer schonn eng Plainte beim CET gemaach. De Patrick Hurst ass als Blanne selwer betraff. Dat, well a Bankomater zu Lëtzebuerg eng Software, déi behënnerten oder eelere Leit hëllefe soll Suen opzehiewen, nach ëmmer net fonctionnéiere géif. Si missten dann an de Guichet goen an do d'Fraise bezuelen, déi an de leschte Méint a Jore méi deier goufen.

Dat wier eng Diskriminatioun, a just zwou Banken hätten dorop reagéiert - d'Post an d'Spuerkeess wiere bereet, deene Betraffene Guichetsservicer gratis unzebidden, wa si e Certificat matbréngen, sou de Patrick Hurst.

Nëmme limitéiert Moyene fir de CET

Allgemeng bedauert hien, datt de Centre pour l'Egalité de Traitement, wou ee Plainte géint Diskriminéierung kann areechen, limitéiert Moyenen hätt. Dacks kéint de CET nëmme Rotschléi ginn, bei en Affekot misst d'Persoun da selwer goen, an dorunner géif et da scheiteren, vill Leit kéinte sech e Prozess net leeschten.

"Dat ass wahrscheinlech och de Grond, firwat mir manner Migranten oder Flüchtlingen hunn, déi eng Plainte maachen, well si selwer net vill Suen hunn." De CET hätt och d'Méiglechkeet net, d'Leit op d'Geriicht ze begleeden.

Missioun vum CET erweideren

De Budget vum CET hätt an de leschte Jore stagnéiert, esou de Patrick Hurst. Nieft méi finanzielle Moyene wënscht hie sech och, datt d'Missioune vum Centre pour l'Egalité erweidert ginn. Et wier dem Patrick Hurst am léifsten, wann de CET Tester kéint maachen, wéi dat an der Belsch schonn üüblech ass. "Dat heescht quasi als Fakepersounen uruffen op verschidde Plazen a sech als Persoun mat Migratiounshannergrond oder mat enger Behënnerung ausgi fir ze kucken, ob déi Persoune systematesch benodeelegt ginn."

Den neie President vum Centre pour l'Egalité de Traitement wënscht sech méi Engagement vun der Politik. Säin Zenter bräicht méi Moyene fir diskriminéierte Leit kënnen ze ënnerstëtzen, esou de Patrick Hurst. Aktuell géifen zwou Persoune fest beim CET schaffen. "Domat si mir dee schwächsten Zentrum an Europa", bedauert de Patrick Hurst.