Radioen

On air

Tockcity  |  Mdou Moctar - Imouhar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi enk militäresch Zesummenaarbecht

EU-Sommet

Méi enk militäresch Zesummenaarbecht

D'EU wëll um militäresche Plang méi enk zesummeschaffen: Bannent dräi Méint sollen déi konkret Engagementer definéiert ginn. Et géif een déi "schlofend Prinzessin" aus dem Lissabonner Vertrag erëm erwächen, esou de, EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker.

auto_stories

5 min

"E spannende Sommet an optimistescher Stëmmung", esou hat déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel hir Erwaardunge beschriwwen, wéi sinn zu Bréissel ukomm ass. Verschiddener hunn dono vum "Feel good summit" geschwat. Effektiv ass et seelen, dat d'EU esou eng Eenegkeet demonstréiert. Déi Eenegkeet war anscheinend sou grouss, dat et vill manner ze diskutéiere gouf, wéi erwaart.

Schon deen éischten Deel vum Programm gouf eng Stonn méi fréi ofgeschloss, wéi virgesinn. Dat gëtt et wierklech seelen. "Et gouf grouss Zoustëmmung vun alle Säiten", sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel no de Reunioune vum éischten Dag vum Sommet. Hie géif hoffen, dat och déi nächst Sommeten sou géife verlafen.

Decidéiert hunn déi 28 EU-Memberstaaten, datt sollten Efforten gemaach ginn, fir an der Verdeedegung méi enk zesummenzeschaffen. "Déi transatlantesch Relatioun an d'EU-Nato-Kooperatioun bleift de Kär fir eis Sécherheet", heescht et an de Konklusiounen, iwwert déi sech d'Staats- a Regierungscheffen eens gi sinn. Dernieft wëlle sech d'EU-Länner awer séier eens ginn iwwert een europäesche Programmefir déi industriell Entwécklung an der Verdeedegung. An anere Wierder, d'EU-Länner solle méi enk zesummeschaffen, zesumme Material entwéckelen an akafen.

Konkret Ziler bannent dräi Méint

Vum Sommet aus gëtt een Appell un d'Länner lancéiert, Projeten anzereechen, déi da vum Europäsche Verdeedegungs-Fong co-finanzéiert ginn. Datt an de Fong bis 2020 90 Milliounen Euro aus dem EU-Budget fléissen, déi bei anere Programmer ewech geholl ginn, gëtt vu verschiddene Säite kritiséiert.

Bannent de nächsten dräi Méint soll méi genee definéiert ginn, op wéi engem Plang déi gemeinsam Verdeedegungspolitik genee funktionéiere soll a wou Engagementer geholl ginn. Zu Lëtzebuerg wier nach keng Decisioun gefall, wat en do konkret géif proposéieren, sot de Xavier Bettel. Dat géif am Regierungsrot decidéiert.

Um Sommet gouf vun engem historesche Schrëtt geschwat. De Jean-Claude Juncker sot, dat zanter 1954 net méi iwwert dat "Europa vun der Defense" geschwat gouf: elo géif des "schlofend Prinzessin" aus dem Lissabonner Traité wakereg gemaach ginn an et géif een mat deem Projet ufänken.

Terroristescht Material um Internet

Wéi kann an der EU méi enk zesummegeschafft ginn, wann et dorëm geet den Terrorismus ze bekämpfen? Dat ass ee vun de Punkten, déi op en Neits op dësem um Sommet um Ordre du jour stoungen. Konkret goung et em d'Verbreeden vun terroristeschem Material am Internet. D'EU-Leaderen maachen een Appell un d'Entreprisen, nei Technologien z'entwéckelen, mat deenen eng automatesch Detektioun an d'Läschen vu Contenu, deen zu Gewalt initiéiert, méiglech ass.

Um Sommet hunn d'Staats- a Regierungscheffen hiert Engagement par rapport zum Klima-Accord vu Paräis op en Neits festgehalen.


Decisioun iwwert EU-Agencen am November

Déi britesch Premierministesch Theresa May huet hiren Kollegen proposéiert, datt nom Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU all EU-Bierger, dee scho fënnef Joer an Groussbritannien wunnt, dierft do bleiwen.

Um Sommet goung et och dorëm, wou déi zwou EU-Agencen, déi a Groussbritannien sinn, hiplënnere sollen. Et ass ee sech iwwert Critèren eens ginn, wéi déi Decisioun soll geholl ginn. D'Länner hu bis Juli Zäit hir Kandidaturen eranzeschécken. D'Kommissioun mécht dono eng Analyse vun de Kandidaturen op der Basis vun deene Kritèren, ouni allerdéngs eng Ranglëscht vun de beschte Kandidaten opzestellen. An der Prozedur ass dann eng "politesch Diskussioun" tëscht den Memberlänner virgesinn. Duerno gëtt no engem Punktesystem gewielt.

Bal all Land hat eng Demande fir eng vun den zwou Agence gemaach. Lëtzebuerg ass Demandeur fir d'Banken-Agence. Och Frankräich ass mat Paräis Kandidat fir d'europäesch Bankagence, genee ewéi Frankfurt, Prag, Wien, Dublin a Warschau

Hie géif d'Kandidatur vum Grand-Duché verdeedegen, esou den Xavier Bettel. Och wann hie wéisst, dat dat net einfach géif ginn. De Xavier Bettel sot och, datt de Fait, dat de Sëtz vum Europäesche Parquet elo op Lëtzebuerg kënnt, näischt mat der Lëtzebuerger Kandidatur fir d'Banken-Agence ze dinn hätt.

Déi 28 Staats- a Regierungscheffen hun och decidéiert d'Sanktioune géint Russland op en Neits ëm sechs Méint ze verlängeren.

Um zweeten Dag vum Sommet geet et um Freideg dann em d'Sujeten Handel a Migratioun. Besonnesch beim zweeten dierft et manner harmonesch ginn. De Xavier Bettel ass wéinst de Feierlechkeete vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag net méi zu Bréissel derbäi.