Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissoun: méi Flüchtlinge sollen heem geschéckt ginn

Migratioun

EU-Kommissoun: méi Flüchtlinge sollen heem geschéckt ginn

Refugiéen, déi kee Recht op Asyl an engem EU-Land kritt hunn, solle méi konsequent an hir Heemechtsstaaten zeréck geschéckt ginn. Dofir setzt déi Europäesch Kommissioun sech an. Dës Fuerderung krut nom Attentat zu Stockholm eng nei Aktualitéit. Dem presuméierten Attentäter seng Demande op Asyl war refuséiert ginn. Hie war duerno ënnergedaucht.

auto_stories

3 min

D'Evenement zu Stockholm huet net nëmmen a Schweden eng nei Diskussioun iwwert den Ëmgang mat Refugiéen ausgeléist. Déi liberal schwedesch Europadeputéiert Cecilia Wikström hat sech an der Vergaangenheet dofir ausgeschwat, datt ee Migranten ouni Pabeieren net an hiert Heemechtsland zeréckschécke sollt. Et misst een no legale Weeër sichen, wéi dës Leit bleiwen kënnen. Elo géif ee gesinn, wat bei esou Fuerderungen erauskéim, seet d'Kristina Winberg vun der rietsextremer schwedescher Demokratepartei am Europaparlament. "Haass soll een net mat nach méi Haass bekämpfen," esou d‘Äntwert vun enger opgereegter Cecilia Wikström. Si huet drun erënnert, dat sech an engem fréiere Rapport zwee Drëttel vum Europaparlament dofir ausgeschwat hat, datt ee legal Weeër fir d'Flüchtlinge misst opmaachen.

Demokratesch Wäerter

Déi schwedesch Politikerin Soraya Post vun sozial-demokratescher Fraktioun am Europa-Parlament ass der Meenung, datt dat skandinavescht Land hei keng falsch Politik gemaach hätt. "Ech mengen net, datt mer eppes hätte kënnen anescht maachen, fir esou eng Aktioun ze verhënneren." Et sollt een elo op alle Fall verhënnere fir hysteresch no Léisungen ze sichen, bei deenen eng oppe Gesellschaft verluer géif goen. "Et ass wichteg, datt mir elo staark hannert eisen demokratesche Wäerter stinn an d'Mënscherechter an de Rechtsstaat respektéieren. Et ass d’Tendenz vun den Extremisten, eis demokratesch Instrumenter ze notzen, fir eis Demokratie ze zerstéieren."

Fräiheet ewechhuelen

D'EU-Kommissioun proposéiert den EU-Memberstaate finanziell Hëllef fir Refugiéen, deenen hir Asyldemande refuséiert gëtt, kënnen zeréck ze schécken. 800 Milliounen Euro wollt Bréissel tëscht 2014 bis 2020 dora stiechen. Elo ginn nach eng Kéier 200 Milliounen drop geluecht. Den Ament géinge ronn 40 Prozent vun deene Leit, déi d'Asyldemandë refuséiert kréien, an hiert Heemechtsland zeréck goen.

Vill Europadeputéierter sinn awer net domat averstanen, d'Refugiéen, déi riskéiere fortzelafen, anzespären. "Dat ass e sensibele Sujet," seet den Claude Moraes vun der britescher Labour Party. Hien ass de President vun der Kommissioun fir Bierger-Rechter a Justiz am Europaparlament. Hei géing et drëms goen, engem d'Fräiheet ewechzehuelen. An dësem Fall engem, deen net géint d'Gesetz verstouss huet. Een Asyldemandeur, deem seng Demande net ugeholl gëtt, huet näischt Illegales gemaach. "D’EU-Memberlänner dierfen net iwwerdriwwe vun dësem Instrument Gebrauch maachen."

Eng rout Linn iwwerschreiden

Wann d’Staate géingen ufänke fir systematesch Asyldemandeuren anzespären, da géinge si eng rout Linne depasséieren. Eng systematesch Untersuchungshaft géing net nëmme géint d'Mënscherechter verstoussen. Et géing och verhënneren, datt d'Refugiéen an iergendenger Aart a Weis kooperéieren. Dorop wier een awer ugewisen, seet de briteschen Deputéierte Claude Moraes.

Der EU-Direktiv no dierf e Refugié an exzeptionelle Fäll 18 Méint laang agespaart ginn. Mat de Limitten am Prisong géingen d'EU-Memberstaate net equivalent ëmgoen, seet déi britesch Europadeputéiert Jean Lamberts vun deene Gréngen. Verschidden EU-Staate géingen nämlech all Kéier wann ee Refugié an een anere Centre de Rétention bruecht gëtt, nees bei Null ufänken.

Grondrechter anhalen

Beim Ëmgang mat ofgewisenen Asyldemandeurë missten d’Grondrechter agehale ginn, seet den däitschen Politiker a Member vum EU-Parlament Dietmar Köster. "Wéi ass d'Intentioun, d'Flüchtlingen un de Grenze ze verhaften eigentlech kompatibel mat eise rechtsstaatleche Prinzipien?" D'EU hätt sech dofir decidéiert, fir d'éischt d'Présomption d'innocence unzeerkënnen. "Dat musse mir och am Ëmgang mat Mënsche praktizéieren, déi als Migranten oder Flüchtlingen un eise Grenzen ukommen."

D’EU-Parlament wëllt ënnert anerem méi an d'Kontroll vun dëse Retouren an de verschiddenen EU-Memberstaate mat agebonne ginn. Dës Praxis fält ënnert d’Responsabilitéit vun deenen eenzelen EU-Staaten. Hei kann och d'EU-Kommissioun nëmme begrenzt matschwätzen.