Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Weiderkommen an de Verhandlungen fir eng Opwäertung

Gesondheets- a Sozialsecteur

Kee Weiderkommen an de Verhandlungen fir eng Opwäertung

8000 Leit schaffen alleng am Spidolssecteur, dovu gehéiert eng Majoritéit zum Fleegepersonal. Well hir Salairen un déi vum Staat gekoppelt sinn, fuerderen d'Gewerkschaften datt – ebe grad wéi bei Staat – eng Opwäertung geschitt. Wéi sou eng Opwäertung soll ëmgesat ginn, wëssen awer weder si, nach d'Patronen, nach scheinbar d'Regierung.

auto_stories

3 min

Sief et nëmmen am Spidolssecteur: et fale komplex Berechnungen un

Spideeler, Fleegeservicer a Crèchë finanzéieren sech gréisstendeels mat Suen, déi vum Staat kommen: De Gesondheets- an de Sozialsecteur kritt an deem Sënn all Joer eng budgétaire Enveloppe, déi vun der Regierung festgeluecht gëtt. Am Fall vun de Spideeler beleeft déi Enveloppe sech fir 2016 op 890 Milliounen Euro. "Doran ass dee gréissten Deel, dat heescht 580 Milliounen, fir d'Personal virgesinn", erkläert de Paul Junck, President vun der Spidolsfederatioun (FHL).

Dës Salairen, grad wéi déi aus dem Sozialsecteur sinn un d’Léin beim Staat gekoppelt, un déi Léin also, déi viru Kuerzem duerch de Gehälteraccord opgewäert gi sinn. Des Opwäertung soll duerfir elo och am Gesondheets- a Sozial-Secteur ëmgesat ginn, fuerderen d'Gewerkschaften. 

"Zweestelleg Milliounebeträg"

Am Moment ass awer net kloer wéi vill eng Reform vun de Gehälter genee géing kaschten. Fir den Impakt erauszefannen, sinn opwänneg Berechnungen néideg. Dat läit un der neier Karrieresstruktur am ëffentlechen Déngscht, déi een net eent zu eent op de Gesondheets- a Sozialsecteur kann uwenden. "Fir lo eng Enveloppe ze berechne muss ee kucke goen awéiwäit deen Eenzelne betraff ass, a Funktioun vu sengem Alter, sengem Diplom a senger Anciennetéit am Déngscht. Fir dat ze berechne musse mir kucke fir eng Method ze fannen déi sou no wéi méiglech un der Realitéit ass", erkläert d'Nora Back, Gewerkschaftssekretärin beim OGBL. 

D’Spideeler rechnen awer mat enge ganz grousse finanziellen Impakt. De Paul Junck geet vun "zweestellege Milliounebeträg aus". "Dat gëtt also e ganz décken Impakt an do musse mer kucken op mer déi Suen iwwerhaapt kréien", sou de President vun der Spidolsfederatioun, dee d'Situatioun als grouss Erausfuerderung fir säi Secteur gesäit, an deem 8000 Persoune schaffen. 

"Regierung a Patrone spillen sech de Ball zou"

D’Fédération des Hopitaux ënnersträicht, d’Spideeler hätten am Moment kee finanzielle Spillraum fir d’Léin ze erhéijen, vill géing deemno dovun ofhänke wéi vill Suen de Staat zur Verfügung stellt. Ähnlech Téin, komme vum Daachverband vun de Flegebetriiber, der COPAS: Et dierfte kéng zousätzlech Käschte fir d’Betriber ginn, besonnesch well verschidde Prestatairen elo scho finanziell Problemer hätten. De Minister fir den Ëffentlechen Déngscht, Dan Kersch, wëllt sech am Moment net zu den Negociatiounen äusseren.

Den OGBL, fir säin Deel, kritiséiert, d’Patronen an de Staat géingen sech am Moment géigensaitëg de Ball zouspillen. "Patrone soen de Ball géif bei der Regierung leien, d'Regierung seet mir misste mam Patronat verhandelen. Egal wéi, spiere mir de Spuerkurs deen iwwerall gefuer gëtt, och am Gesondheets- a Sozialsecteur", seet d’ Nora Back.

Fir Drock ze maachen, huet den OGBL ugefaang d’Leit fir gewerkschaftlech Aktiounen ze mobiliséieren. Fir déi chrëschtlech Gewerkschaft, LCGB, kënnt dat ze fréi. Et misst een sech Zäit huele fir déi néideg Berechnungen ze maachen, heescht et. Mobiliséiere sollt een eréischt, wann ët effektiv e Sozialkonflikt gëtt, seet d'Gewerkschaftssekretärin Céline Conter.