Radioen

On air

Tockcity  |  Contrahouse - Streetcorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi héich Qualititskrittäre fir Filmfong

Audit Filmfong

Méi héich Qualititskrittäre fir Filmfong

D'Cour des Comptes soll ee Spezial-Rapport iwwer de Filmfong maachen. Doriwwer si sech d'Membere vun der Budgetskontrollkommissioun an der Chamber eestëmmeg eens ginn.

auto_stories

3 min

Cour des Comptes soll Spezialrapport iwwer Filmfong maachen:

De Bäitrag vum Françoise Keller lauschterenplay_arrow


D'Modalitéite vum geplangte Rapport sollen awer nach definéiert ginn. Dorënner fält ënner anerem wéi wäit zeréck d'Cour des Comptes de Filmfong soll ënner d'Lupp huelen. Den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement, seet, datt de Rechnungshaff "ganz gären" zéng Joer zeréck géif kucken. Hie begréisst dat, well domat och méi wéi just eng Legislaturperiod ofgedeckt géif ginn. "Och wann ee bedenkt, datt an der Comptabilitéit heefeg Piècen nëmmen zéng Joer laang gehale musse ginn."

Fir d'ADR stellt sech beim Thema Filmfong ënner anerem d'Fro, ob Filmer produzéiert goufen, déi ni géife gewise ginn. "Och doriwwer muss ee sech da Froe stellen, firwat datt mir Filmer produzéieren, déi ni gekuckt ginn.", esou de Gast Gibéryen.

Sue ginn net zeréckbezuelt

Dem Gesetz no misste Beneficë vu Produktiounen, déi Ënnerstëtzung vum Filmfong kruten, iwwerdeems un de Fong zeréckbezuelt ginn. Dat schéngt dem Félix Eischen no allerdéngs net de Fall gewiescht ze sinn: 2016 wier nëmmen 0,1 Prozent vum Budget vu 37 Milliounen Euro zeréck bezuelt ginn. "Dat ass net vill," seet den CSV-Generalsekretär.

Et géife Betriber ginn, déi mat hire Produktioune Beneficë gemaacht hätten an Dividenden ausbezuelt hunn. Dat géif sech widderspriechen, fënnt de Félix Eischen.

Och déi gréng Co-Parteipresidentin Djuna Bernard ass der Meenung, datt de Rechnungshaff sech ënner anerem mat dëser Fro soll befaassen. Et géifen nach net genuch Äntwerte ginn, dofir géif et Sënn maachen, en zweete Rapport ze maachen, mat méi konkreten a cibléierte Froen.


Recommandatioune vum Audit:

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


Méi héich Krittären

De Staats- a Medieminister Xavier Bettel stellt der Chamber d'Recommandatiounen aus dem Audit iwwer de Film Fong vir, dee virun engem Joer fäerdeg gi war. D'Haaptrecommandatioun si méi héich Qualitéitkrittäre bei der Auswiel vun de Projeten, fir datt se och an d'Ausland kennen distribuéiert ginn.

Den Auditeur Manuel Baldauff vu Value Associates huet zesumme mam Xavier Bettel an de Responsabelen en Aperçu vu senge Feststellungen a Recommandatioune ginn. Dat Allerwichtegst wier et, datt et keng "Production pour le tirroir" méi géif ginn: "Dat heescht, datt esoubal ee Budget ofgi gëtt, dem Produzent seng Marge am Fong feststeet onofhängeg dovun, ob elo ganz vill Leit dee Film kucke ginn, mëttelméisseg vill Leit oder am Extremfall esou ganz wéineg Leit oder keen."

Den Auditeur huet doriwwer eraus proposéiert, datt de Filmfong, dee véier Mol d'Joer iwwer d'Aidë fir de Filmsecteur decidéiert, pro Sitzung net méi wéi e Véierel vum Budget ausgëtt. Dat fir ze verhënneren, datt um Enn vum Joer keng Sue méi iwwreg sinn, fir Aiden ze accordéieren.

Xavier Bettel: Eng Investitioun, keng Depense

Am Audit war festgestallt ginn, datt d'Zuel vun de Projeten zwar a d'Luucht geet, mee déi vun den Zuschauer net. De Xavier Bettel huet sech awer dogéint gewiert, datt d'Audienz de Kritär wier.

Hie géif de Budget vum Film Fong, deen den Ament bei ronn 37 Milliounen d'Joer läit, net als eng Depense, mee als eng Investitioun gesinn. D'Politik géif sech net amësche fir ze soen, wéi eng Projete gemaach géifen.