Radioen

On air

De Moien  |  Wild Beasts - Mecca

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Kameraen an der Stad - eng Verzweiwlungsdot?

Fräie Mikro

Méi Kameraen an der Stad - eng Verzweiwlungsdot?

De Kamera-Iwwerwaachungssystem am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg gëtt ausgebaut a soll bis un d'Semois-Strooss erofgezu ginn. Dorënner fält och d'Iwwerwaache vun enger Zeitungsredaktioun.

auto_stories

3 min

Den Trend geet virun: et ass geplangt fir Kamerae vu Visupol iwwer den Deel vum Garer Quartier a Richtung Hollerech a Péitruss opzehänken. Och d'Vëlosbréck ënner der neier Bréck gëtt domat equipéiert.

Et war eigentlech just eng Fro vun der Zäit, well wann ee bis ugefaangen huet an d'Leit dru gewinnt sinn op Schratt an Tratt iwwerwaacht ze ginn, dann ergi sech och d'Kritiker lues a lues. Een, dee sech näischt virzewerfen huet, huet jo näischt ze verstoppen, wéi et esou schéin heescht - engersäits - a souwisou ginn d'Leit fräiwëlleg vill méi Intimes iwwer sech an de soziale Medien un all Mënsch verzielen, wéi déi puer Kamerae jeemools wäerten opzeechne kënnen.

Verlagert sech de Problem?

Et gëtt also weider géint dat sougenannt subjektiivt Onsécherheetsgefill gekämpft. E Gefill, dat weder ze paken ass, well et ebe vu Persoun zu Persoun ënnerschiddlech ass an och enk u senger eegener Biographie drunhänkt, nach ze heelen ass. Och net duerch Kameraen. Dann nach éischter duerch eng verstäerkte physesch Presenz vu Polizisten. Eng besser Beliichtung, ëffentlech Plazen, wou vill Leit sech am Dag gären ophalen, en animéiert Quartiersliewen droen och vill dozou bäi, datt d'Leit besser domat eens ginn, datt Leit ënner hinne sinn, déi si an engem schéine Stadbild net esou gäre géife gesinn.

Kamerae sollen d'Situatioun ronderëm d'Stroossbuerger Plaz verbesseren. An an engem Joer soll dann eng Etüd gemaach ginn, ob d'Delinquenz sech dann op aner Plaze verlagert huet oder net. Déi Fro kann een haut scho mat Jo beäntwerten, well deen Trend léisst sech iwwerall feststellen, wou et Kameraiwwerwaachunge gëtt. Wat dann an där Logik nach méi Iwwerwaachung mat sech zitt.

Wéi effikass sinn d'Kameraen?

D'Protektioun duerch Kamerae gëtt versprach. Dat geet awer nëmmen, wa séier genuch reagéiert gëtt, wann eppes geschitt. Wann eng Strofdot net nëmmen vun der Kamera erfaasst gëtt, mee och nach e Mënsch zur Zäit um Ecran gesäit, wat geschitt an d'Police alarméiert, an déi séier genuch an den Asaz geet fir nach op der Plaz ze sinn, wann de Krimi nach net eriwwer ass. Do komme mir erëm net laanscht Proximitéit a méi Leit fir op den Terrain ze goen. Soss bleift et beschtefalls en Instrument fir Strofdoten opzeklären. Méi net.

D'nächst Joer sollen d'Resultater vun enger Etüd iwwer d'Effikassitéit vu Visupol virgestallt ginn, déi vun der Lëtzebuerger Policeinspektioun duerchgeféiert gëtt. An dobäi ass deen Dispositif schonn emol ënnersicht ginn. 2011 ass den deemolege blo-grénge Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg souguer zur Conclusioun komm, datt den Iwwerwaachungssystem net effikass wier, datt d'Etüd iwwer Visupol erginn hätt, datt Sécherheetsproblemer just an aner Quartiere verlagert géife ginn an datt een dogéint wier fir mat der Kameraiwwerwaachung weiderzefueren. Dat stoung am Stater Koalitiounsaccord vun 2011 bis 2017.

En Agrëff an d'Pressefräiheet

Wann déi nei Etüd zur selwechter Conclusioun komme sollt, wéi déi éischt, wat jo héchst probabel ass - da wäert nawell keng eng Kamera ausgeknipst ginn. Well d'Mënschen hu sech bis dohinner scho laang un deen Agrëff an hir Privatsphär gewinnt.

Besonnesch graff wier awer d'Placéiere vun enger Kamera direkt bei der Entrée vun der Redaktioun vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land an der Glesener-Strooss, esou wéi dat elo virgesinn ass. D'Redaktioun misst sech da mat den Delinquenten, Strummerten an Drogéierten an en anere Quartier zeréckzéie fir ze verhënneren, datt d'Police potenziell Informanten a Whistleblower ganz offiziell op de Schierm kritt. D'Iwwerwaachung vun enger Redaktioun bedeit also net nëmmen en Agrëff an d'Privatsphär, mee och an d'Pressefräiheet.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.