D'Gespréich mat der Ana Pinto lauschteren
D'Ana Pinto mengt, datt et ideal wier, wann den Transport public accessibel a barrièrefräi wier. "Dat bräichte mir iwwerhaapt keen Adapto", seet d'Grënnerin vum Kollektiv 1329. Et wier een awer gewëllt zesumme mam Ministère un enger Verbesserung vum Service ze schaffen.
D'Kollektiv 1329 wier dofir och a Kontakt mat aneren Associatioune wéi zum Beispill mat "Nëmme mat eis", Info-Handicap a mam CET. D'Ana Costa zielt, datt och vill Privatleit si ugeschriwwen hätte fir hir Problemer ze zielen. Dofir fuerdert d'Kollektiv, datt méi op déi betraffe Leit gelauschtert gëtt. "Am Fong geholl déi Leit, déi wëssen, wou d'Problemer sinn."
D'lescht Joer hat d'Ana Pinto eng Petitioun lancéiert, déi d'Gratuitéit vum Adapto-Service fuerdert. Bannen dräi Deeg krut dës Petitioun iwwer 4.500 Ënnerschrëften. Op enger rezenter Infoversammlung wier kloer ginn, datt de Ministère net genuch iwwer d'Ausmooss vun der Thematik informéiert wier.
D'Ana Pinto ass och Member bei der CSV a war 2017 mat an d'Gemengewalen zu Ettelbréck gaangen.