Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Mataarbechter fir Fraktiounen a fir d'Chamber

Aarbecht an der Chamber

Méi Mataarbechter fir Fraktiounen a fir d'Chamber

Am Budget vum nächste Joer soll virgesi ginn, datt d'Chamberfraktiounen zousätzlecht Personal kréien, esou de Chamberpresident Fernand Etgen. Am Koalitiounsaccord si méi Mataarbechter virgesinn.

auto_stories

2 min

D'Fuerderung vum CSV-Deputéierte Marc Spautz, fir datt all Parlamentarier ee bis zwee perséinlech Mataarbechter soll kréien, wëllt de Chamber-President Fernand Etgen (DP) fir d'éischt gemeinsam mat alle Parteien an der Chamber diskutéieren. Am Chamberbüro soll gekuckt ginn, wéi een dat beschtméiglech kéint organiséieren, esou de Chamber-President a senger Reaktioun op d'Fuerderung vum Marc Spautz.

Méi Personal fir d'Fraktiounen

De Fernand Etgen erënnert an dësem Kontext drun, datt am Koalitiounsaccord virgesinn ass, datt d'Fraktiounen zousätzlecht Personal solle kréien, fir datt si hir Aarbecht besser maache kënnen. "Ech mengen dat wäerte mir u sech als Chamber virgesi fir de Budget vum nächste Joer."

Och d'Chamber selwer soll zousätzlech Mataarbechter kréien, kënnegt de Fernand Etgen un: dat wier schonn decidéiert. Et géif hei drëms goen, d'Aarbecht an de parlamentaresche Kommissiounen nach besser virzebereeden. D'Gesetzer an d'Reglementer géifen ëmmer méi technesch a komplex ginn, esou de Fernand Etgen.

Véier nei Chambermataarbechter

Nieft externer Expertise bräicht d'Chamber och eege Fachleit, déi d'Deputéierte bei hirer Aarbecht ënnerstëtzen, erkläert de Fernand Etgen.

"Am Budget ware schonn 2018 zwee Poste virgesinn an och fir 2019 zwee Posten, dat heescht am ganze fir véier Leit anzestellen. Mir sinn de Moment eben am gaangen ze kucken, wéi ee Profil déi Leit sollen hunn a mir wäerte probéieren an noer Zukunft dann eng Decisioun ze huelen."

Doriwwer eraus bräicht d'Chamber wahrscheinlech weider Mëttel, fir hiren Aufgabe gerecht ze ginn, ënner anerem d'Kontroll vun der Regierung an d'Proposéiere vu Verbesserungen a Reformen, esou de Chamberpresident.


De Serge Kesseler am Panorama, de 4. Februar um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow