Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Black Marble - Somewhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Moyene fir den CET

Diskriminatioun

Méi Moyene fir den CET

De Centre pour l'égalité de traitement (CET) hofft, datt déi aktuell Debatt iwwer de Rassismus derzou féiert him méi Moyenen ze ginn. D'Directrice vun där Ulafstell fir Affer vun Diskriminatiounen Nathalie Morgenthaler huet déi al Fuerderung no méi finanziellen a personelle Mëttelen, mee och no méi Kompetenze widderholl.

auto_stories

3 min

D'Nathalie Morgenthaler ass Directrice vum CET

Dem CET wier scho vill gehollef, wann et eng Obligatioun géif ginn, him op seng Interventiounen ze äntweren. Heiansdo kréich en emol keen Accusé de réception wann e schreift, souguer net vu Ministèren. Weider gestäerkt wier den Zenter a senger Roll, wann en och d'Recht kréich, viru Geriicht kënnen ze goen.

Un de CET kann ee sech riichten, wann ee sech wéinst enger Behënnerung, Alter, Geschlecht, sexueller Orientatioun, Relioun oder Rass diskriminéiert fillt. D'Nationalitéit gehéiert net zu de Grënn, och wa si en Diskriminatiouns-Motiv ass.

An engem Gesetz vum November 2017 wier d'Nationalitéit als Diskriminatiounsmotiv festgeluecht ginn, seet d'Nathalie Morgenthaler, mee et wier keng Ulafstell dofir designéiert ginn, och net den CET. "An dat ass och eppes wou mer d'Regierung schonn e puer Mol drop opmierksam gemaach hunn, a wou leider dat nach net verbessert ginn ass."

Dacks keng Äntwert vu Ministèren

Den CET fuerdert och, datt en d'Recht kréich viru Geriicht kennen ze zéien, fir géint Diskriminatioune virzegoen. Ma et gëtt och eng vill méi banal Revendicatioun:

"Eis wier z.B. ganz vill gehollef, wann et eng Obligatioun géif ginn, datt d'Leit eis iwwerhaapt emol missten äntweren. Wa mer Géigeparteien uschreiwen a vun deenen eng Stellungnam fuerderen, do kënnt emol heiansdo guer keng Äntwert."

Dacks géif ee mol keen Accusé de réception kréien, bedauert d'Nathalie Morgenthaler. Dat géif och geschéien, wann ee sech u Ministère géif riichten. Den CET wier vum Staat gegrënnt ginn, "a Verschiddener sinn emol net amstand en Accusé ze schécken." Et géif deemno och dacks kee Suivi vun deene Saache ginn, déi een de verschiddene Ministère géif schreiwen.

Dräi Servicer op enger Plaz

Den CET soll zesumme mat der consultativer Mënschrechtskommissioun am dem Ombusman fir Kanner a Jugendlecher an d'Mënscherechts-Haus plënneren. Heivunner erwaart d'Directrice vum CET, d'Nathalie Morgenthaler, sech esou munches:

"Et ass en externt an en internt Signal. Extern ass dat natierlech flott fir d'Leit, wann d'Leit op eng eenzeg Plaz kënnen higoen, wou se déi Thematiken, déi se da gären uschneiden, déi Organisatiounen, déi dorop schaffen dann och direkt op enger Plaz fannen. An intern fir eis ass et natierlech awer och flott fir verschidde Synergien ze fannen, theematescher, wou mer eis besser kënnen austauschen."

Et wier och e positive finanzielle Schrëtt: duerch e gemeinsamen Accueil géif een zwee Mataarbechter bäikréie fir déi dräi Organisatiounen, an et géif eng ëffentlech zougänglech Bibliothéik ginn. Et wier och geplangt, datt ee mat Schoulkanner, Jugendlechen an Erwuessener kéint Workshoppen, Atelieren asw. wéilt maachen.

Et besteet ee Besoin

Zwou europäesch Direktiven hätte missten ëmgesat ginn, an dat wier zu Lëtzebuerg eréischt mat dräi Joer Verspéidung geschitt.

"Meng perséinlech Meenung ass, dass net d'Noutwendegkeet dovun empfonnt gëtt, well et net vill an der Ëffentlechkeet theematiséiert gëtt. Elo duerch déi ganz (Rassismus-)Debatt mierkt een awer, hei et sinn awer Problemer um Terrain. Et brauch een einfach heiansdo verschidden Themen, déi ee realiséieren doen, dass eng Noutwendegkeet besteet."