Déi sougenannten europäesch "clean vehicles"-Direktiv, déi dat reegelt, gouf am Summer geännert. Deemno mussen d'EU-Länner bei Ausschreiwunge fir nei Bussen am ëffentlechen Transport an Zukunft ëmmer méi rigouréis Ëmweltkrittäre respektéieren.
An der Praxis heescht dat, datt ëmmer méi Elektrobussen an Europa wäerte fueren. D'Direktiv schreift pro EU Land Prozent-Tauxe fir déi "propper" Busse vir, déi bei neien ëffentlechen Ausschreiwunge musse respektéiert ginn. Lëtzebuerg huet sech besonnesch ambitiéis Ziler gesat. De Mobilitéitsminister François Bausch sot zum Beispill, datt den RGTR-Reseau bis 2030 - also an eelef Joer - komplett emissiounsfräi soll fueren.
D'Busoperateuren zu Lëtzebuerg sinn also gefuerdert bei der Transitioun op d'Elektro-Mobilitéit am ëffentlechen Transport.
Lauschtert hei de Reportage vum Pierre Reyland an eiser Serie Mäin Europa.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.