Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Thievery Corporation - Lebanese Blonde

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Sue fir d'Bankepersonal?

Finanzplaz

Méi Sue fir d'Bankepersonal?

Méi héich Léin. Dat erwaarde sech d'Gewerkschafte vum neie Kollektivvertrag fir d'Salariéen am Bankesecteur. De Patronatsverband ABBL léisst sech den Ament net an d'Kaarte kucken. Enn des Joers ginn d'Verhandlungen un.

auto_stories

4 min

D'Bankemployéen hätte laang genuch verzicht, fannen d'Gewerkschaften (Foto: Bigstock/didesign)

Am Dezember leeft de Kollektivvertrag aus. Da mussen d'Gewerkschaften OGBL, LCGB an ALEBA en neie Kollektivvertrag mat der Banken-Associatioun ABBL aushandelen. Jorelaang hunn d'Bankemployéen zu Lëtzebuerg missen op d’Zänn bäissen, soen d'Syndikater. Zanter 2009 wier et keng linear Adaptatioun vun hire Salairë méi ginn. Och de leschte Kollektivvertrag vun 2014 wier finanziell neutral gewiescht, seet d’Véronique Eischen vum Onofhängege Gewerkschaftsbond OGBL.

Unerkennung weisen

Dem Bankesecteur géing et elo gutt goen. D'Restrukturatioune wieren esou wäit ofgeschloss. D'Véronique Eischen fënnt et wier elo Zäit, datt d'Salariéeën an de Banke fir hir Aarbecht belount ginn, "an och fir hir Attitude, déi se déi ganz Joren haten".

Och de Vincent Jacquet vum LCGB betount, datt d’Syndikater an d’Employéen, an Zäite wou et dem Bankesecteur manner gutt goung, eng grouss Responsabilitéit gewisen hunn. "Et war eng schwéier Zäit fir de Secteur, mat ville Reformen a Reglementatiounen." D'Personal hätt d'Lounmoderatioun akzeptéiert. "Et ass Zäit, datt d'Salariéën dofir eng Unerkennung kréien."

E Questionnaire, deen de Chrëschtleche Gewerkschaftsbond am Juni bei Honnerte Bankemployéë gemaach huet, géif kloer weisen, wat si sech vum neie Kollektivvertrag erwaarden. Sechs vun zéng wéilten eng Lounerhéijung, seet de Vincent Jaquet.

"Et wäert net einfach ginn"

D’Gewerkschaften hunn hire Fuerderungs-Katalog nach net mateneen ofgestëmmt. Dat geschitt am September. Den aktuelle Renumératiounsmechanismus baséiert vill op Meritten. OGBL an LCGB si sech eens, datt dat ze vill arbiträr a subjektiv ass. Si fuerderen, datt d'Salairë bei de Banke nees all Joer automatesch an d’Luucht ginn.

D’Véronique Eischen (OGBL) fäert, datt dVerhandlunge mam Patronat op deem Punkt net einfach ginn. D'Patronat wier net gewëllt, d'Salairen z'erhéijen. De Moment wier awer elo do. D'Gewerkschaft géing kee Kollektivvertrag ouni "revendications salariales" akzeptéieren. Fir d'Véronique Eischen steet fest: "Et geet duer mat der Lounmoderatioun."

Den Direkter vun der Banken- a Bankiersassociatioun ABBL, Serge de Cillia, léisst sech den Ament nach net an d’Kaarte kucken. Hie seet, d'ABBL wier am gaange sech mat hire Memberen ofzeschwätzen. Eng ganz Partie Sujete wiere wichteg fir d’Verhandlungen. "Wéi steet de Secteur? Wat ass d'Struktur vun de Revenuen a Käschten? Wéi ee Personal gëtt gebraucht? Wat sinn d'Konsequenze vun der Digitalisatioun?" Iwwert all déi Froe misst geschwat ginn.

D'Abusen huelen zou

Och fir d’Syndikater sinn d’Salairë net déi eenzeg Prioritéit. Déi verschidde Funktiounen am Bankesecteur missten nei klassifizéiert ginn, fuerdert d’Véronique Eischen. Wéi de Kollektivvertrag an de 1990er Joeren agefouert gi wier, gouf et 136 Funktiounen op der Bankeplaz. Mat der ganzer Ëmstrukturatioun wiere vill Funktiounen ewech gefall an anerer bäi komm. "De Salarié fënnt sech am Kollektivvertrag net méi erëm. Seng Funktioune sinn net méi do."

Aus deem Grond kréichen ëmmer méi Employéë Kontrakter baussent dem Kollektivvertrag ugebueden. Dat fannen d'Gewerkschaften inakzeptabel. A verschiddenen Entreprisë wiere bis zu 35 Prozent vun de Salariéë betraff, seet de Vincent Jacquet. An der Regel si nëmmen d'Cadres supérieurs vum Kollektivvertrag ausgeschloss. De Vincent Jacquet ass sech sécher: "35 Prozent vun den Employéen - esou vill Cadres supérieurs huet keng Entreprise."

D'Salariéë géinge sech Suerge maachen. D'Kontrakter géingen hinnen zum Beispill duerch d’Flexibilitéit vun den Aarbechtszäite schueden. "D'Leit falen da net méi ënnert den Horaire mobile", erkläert d'Véronique Eischen. "Si kréien hir Iwwerstonne net méi bezuelt." Géingen d'Salariéen net ënnert de Kollektivvertrag falen, da géinge vill Sécherheeten ewech falen. Dat dierft net sinn, fënnt d'Véronique Eischen.

24 Stonnen disponibel

D’Aarbechtskonditioune sinn e weidere Sujet, deen d'Gewerkschaften an de Kollektivvertrags-Verhandlungen diskutéiere wëllen . Vill Employéen am Bankesecteur wiere gestresst, seet de Vincent Jacquet vum LCGB. Wat feelt wier eng Politik, déi déi psycho-sozial Risiken am Secteur thematiséiert.

Am digitalen Zäitalter wier de Risiko vu Stress a Krankheete geklommen. D'Technologië géingen et erméiglechen, vill Aarbecht och vun doheem aus ze maachen. Dofir, seet d’Véronique Eischen, géing d'Diskussioun ëm d'Aarbechtszäiten erëm opkommen.

"Wéini geet d'Aarbecht un a wéini hält se op? Ass een ageloggt, ass een net ageloggt? Wéi gëtt dat bezuelt?" Dat wiere Froen, déi misste gestallt ginn. Vill Leit missten Owes an och de Weekend disponibel sinn. "Dann ass de Salarié 24 Stonnen disponibel. An dat gëtt dacks net remuneréiert."

Am Hierscht wëllen d’Gewerkschafte sech op ee gemeinsame Fuerderungskatalog eens ginn, mat deem sinn am Dezember an d’Verhandlunge mat der ABBL ginn. De Bankekollektivvertrag ass ee vun de wichtegste Kollektivverträg zu Lëtzebuerg. E betrëfft iwwer 20.000 Leit.