Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Suen an neit Equipement fir d'Spidol

Groupe Hôpitaux Robert Schuman

Méi Suen an neit Equipement fir d'Spidol

De Grupp Hôpitaux Robert Schuman huet en héijen Investitiounsplang. D'Kierchbierger Spidol an d'Zithaklinik ginn ausgebaut. D'Equipementer ginn erneiert. Dat geet aus dem Rapport 2018 vum Grupp ervir.

auto_stories

3 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Cstock

D'Kierchbierger Spidol vum Groupe Hôpitaux Robert Schuman huet d'lescht Joer 15 Joer gefeiert. Allgemeng war et ee Joer vun de grousse Chantieren, souwuel fir d'Plange vum Ëmbau an Ausbau vum Spidol um Kierchbierg, ewéi och fir d'Zithaklinik.

Ëm- an Ausbauaarbechten

Um Kierchbierg gëtt d'Jugendpsychiatrie vergréissert. D'Aktivitéite vun der Clinique Sainte Marie vun Esch am Secteur vun der Geriatrie ginn op de Kierchbierg transferéiert. Den Dokter Claude Schummer, Generaldirekter vum Groupe Hôpitaux Robert Schuman zielt vum Tuerm, deen um Kierchbierg gebaut soll ginn. Et géif een dovunner profitéiere wëllen, fir datt d'Unzuel un Zëmmere mat Eenzelbett an d'Luucht geet.

An der Zitha wier en anere Projet, wou "praktesch eng ganz nei Klinik" an der Antwerpener Strooss gebaut géif ginn. "Do hu mir och nach hannendrun en C-Bau, dee mir wëlle frësch maachen." De Käschtepunkt fir déi Projete schätzt den Dr. Claude Schummer op 150 Milliounen Euro. Bis datt d'Kierchbierger Spidol fäerdeg ausgebaut ass, funktionéiert d'Clinique Sainte Marie zu Esch. Wat dono mat deem Gebai soll geschéien, dat wier fir den Ament nach net gewosst.

Méi Sue sinn néideg

No 15 Joer missten och d'Equipementer erneiert ginn, d'Amortissementer goufen zum groussen Deel nach net kompenséiert. Dowéinst revendiquéiert de Groupe Robert Schuman zousätzlech Finanzmëttel. Am Hierscht sollen et éischt Diskussioune mam Minister vun der Sécurité sociale a mat der Gesondheetskeess ginn. D'Rendezvousen heivir wieren och scho festgeluecht. D'Zil wier et, fir de Budget d'investissement an d'Luucht gesat ze kréien.

Zu Esch an am CHL géif vill renovéiert ginn an géifen och nei Equipementer kréien, mee am Norden an um Kierchbierg géif et ähnlech aalt Material ginn. Dofir wëllt den Dr. Claude Schummer "eng gemeinsam Demarche" maachen, fir de Budget d'investissement eropgesat ze kréien.

Nei Servicer fir de Kierchbierg

All d'Kliniken am Land hunn duerch dat neit Spidolsgesetz all hir Autorisatioune missten nei ufroen. An deem Kontext huet de Groupe eng Rei national Servicer ugefrot. Nieft der Jugendpsychiatrie, déi schonn am Kierchbierger Spidol war, krut de Groupe déi spezialiséiert A-Klinik zougesot. Dobäi kënnt d'Mikrochirurgie, esou den Dokter Schummer. Hei wéilt ee 24/7 funktionéieren an doduerch den Zentrum am Land ginn.

"Dobäi komm ass och nach, datt mir den Optrag kritt hunn fir den Centre national ze gi fir Laangzäittherapie, dat heescht Patiente mat schwéiere Behandlungen, déi laang an der Klinik musse versuergt ginn."

Weider spezialiséiert Servicer ginn et an de Beräicher Prostatakriibs, Nierekrankheeten. Ee vasten Entwécklungsprogramm gëtt et och an der Robotik, déi an der Medezin agesat gëtt an déi méi eng präzis chirurgesch Interventioun erlaabt, dëst ënner der Iwwerwaachung natierlech vun engem Dokter. Doduerch kéint een d'Nowierkunge bei Operatioune reduzéieren.

Formatioune fir verschidde Beruffer

D'Hôpitaux Robert Schuman spillen iwwerdeems eng grouss Roll an der Formatioun vu medezineschem Personal:

"Mir hunn all Joers ongeféier ëm déi 1.000 Leit an alle medezinesche Sparten, déi mir ausbilden. Also net nëmme Medezinsstudenten oder aner Beruffer oder Infirmieren, mee praktesch all Sparten, déi am Spidol, déi am Spidol zur Geltung kommen, dat sinn der iwwer 1.000."

A punkto Budget gouf et d'läscht Joer ee Benefice vu ronn 40.000 Euro. A grad ewéi den CHL, géif een un enger internationaler Accreditatioun schaffen. D'Hôpitaux Robert Schumann hunn déi kanadesch Zertifizéierung erausgesicht.